Fënnef Länner kéinten den ESC boykottéieren. Wat stécht dohanner?

© AFP
Déi aktuell Situatioun an der Gazasträif suergt weltwäit fir Protester. Dëst mécht och virum Eurovision Song Contest net halt.
Et ass eng vun de gréisste Schwieregkeeten an der Geschicht vum Eurovision Song Contest: Aacht Méint virun der 70. Editioun zu Wien kéint de Sträit dorëm, ob Israel soll mat dobäi sinn oder net, zu ganz gespléckte Meenungen an enger limitéierter Participatioun féieren. Well bis ewell hu scho Spuenien, Irland, Holland, Island a Slowenien domadder gedréit, datt si eventuell net um ESC géifen deelhuelen, sollt Israel zougelooss ginn. Och aner Länner spille mam Gedanken, nozezéien.
Wéi ass de méigleche Boykott begrënnt?
Den Haaptgrond ass d'Virgoe vun Israel an der Gazasträif no der Attack vun der radikalislamistescher Hamas am Oktober 2023. Dës Kritik gouf et scho bei de leschten zwou ESC-Competitiounen zu Basel an der Schwäiz respektiv zu Malmö a Schweden. 2024 a Schweden gouf et nämlech Demonstratiounen, bei deenen dausende vu Leit matgemaach hunn. Zu Basel waren d'Protester méi kleng, et gouf awer oppe Kritik un Israel a vill Participanten a Länner hu sech solidaresch mat de Palästinenser an der Gazasträif gewisen.
Gëtt et nach aner Kritik?
Well d'Yuval Raphael, déi fir Israel un den Depart gaangen ass, zu Basel esou gutt ofgeschnidden huet, gouf d'Kritik vun der Manipulatioun opgeworf. D'Jury hat d'Sängerin just op d'Plaz 15 gesat, ma d'Israeelin hat de Vott vum Public ganz iwwerraschend gewonnen. Vill Länner hunn dowéinst Zweiwel geäussert, ob bei der Ofstëmmung alles richteg ofgelaf war. D'EBU, déi den ESC organiséiert, huet bis ewell awer keng Indicen op Manipulatioun fonnt. Wéi et schéngt, huet Israel vun enger gudder Campagne an de soziale Medie profitéiert.
Wat fir Konsequenze kéint eng Participatioun vu Israel hunn?
Dat wéi bei der leschter Editioun 37 Länner beim ESC kéinten dobäi sinn, kann a Fro gestallt ginn. Bei op d'mannst fënnef Länner schéngt d'Decisioun scho bal definitiv ze sinn, datt ee bei enger Participatioun vun Israel dorobber verzicht, en eegene Kandidat op Wien ze schécken oder esouguer den ESC am eegene Land ze iwwerdroen. Nieft Spuenien, Irland, Island, Slowenien an Holland gesäit och villes dono aus, wéi wann d'Belsch kéinten op eng Participatioun verzichten. Dëst war bei eisen Nopere scho kuerz no der Finall zu Basel dëst Joer am Gespréich.
Wat mécht d'Annonce vu Spuenien esou komplizéiert fir d'Organisateuren
Obwuel Spuenien an de leschte Joren ni wierklech gutt beim ESC ofgeschnidden huet, huet de Song Contest awer eng grouss Basis u leidenschaftleche Fans am Land. Spuenien zielt zu de Big Five, de gréisste finanzielle Sponsore vum ESC. Sollt Spuenien also boykottéieren, feelen net nëmme méiglecherweis vill Spectateuren a Votten, mä dem ESC, dee jo extrem deier ass wéinst der spektakulärer Show, och Milliounen un Euro.
Wéini decidéiert sech, ob de Boykott ëmgesat gëtt?
Am Dezember wëll d'EBU bei hirer Generalversammlung iwwert d'Participatioun vun Israel decidéieren. "Mir verstinn d'Bedenken an déi Iwwerzeegunge wéinst dem Konflikt am Noen Osten, deen nach ëmmer undauert", esou den ESC-Direkter Martin Green. D'European Broadcasting Union huet déi lescht zwee Joer awer bei de Finalle vum ESC iwwerfuerdert gewierkt, wann et drëm gaangen ass, fir d'Politik aus der Competitioun ze halen. Och krute si et net hin, fir e Konsens tëscht de Participanten ze fannen. Wéi de sougenannte "Consultatiounsprozess" zum Thema Israel wäert ausgoen, ass aktuell nach onkloer.