Méintelaang war de Croisièrestourismus quasi op null, elo soll den Neistart mat enger Testflicht awer vun Ufank u geléngen.

D'Industrie vun de Croisièren huet decidéiert, dass alleguerten d'Gäscht, déi op e Schëff ginn, sech musse virdrun teste loossen. Nëmme mat engem negativen Test kritt een den Zougang op e Schëff accordéiert, esou d'Cruise Lines International Association, de gréisste Verband an der Industrie. Alleguerten d'Membere solle sech och un dës Bestëmmungen halen.

Domadder ass de Secteur deen eenzegen an der Tourismusbranche, deen elo konsequent negativ Tester fuerdert. Dëst gëllt fir Schëffer mat Kapazitéiten ab 250 Passagéier.

Ma och u Bord selwer gëlle streng Reegele wéi Temperatur moossen, Markéierungen um Schëff, Limitatioune fir Restauranten, Maskeflicht a Lifter an sou weider.