D'Aartevillfalt dominéiert e Méindeg zu Paräis um „One-Planet-Sommet“.

Op dësem sollen d’UN-Verhandlungen zum Schutz vun der Biodiversitéit preparéiert ginn, déi am Oktober a China sinn.

Do sollen nei Aarteschutz-Ziler definéiert ginn. De Sommet zu Paräis leeft gréisstendeels iwwer Videokonferenz.

Mat derbäi sinn ënnert anerem den Uno-Generalsekretär Guterres, d'EU-Kommissiounscheffin von der Leyen, de franséische President Macron an déi däitsch Kanzlerin Merkel.

Engem Rapport vun de Vereenten Natioune vun  2019 no riskéieren den Ament iwwer 1 Millioun Planzen an Déieren auszestierwen.