
© AFP
D'Regierung vum zukünftegen US-President wëll d'Decisioun vum Trump, fir den Areesstopp aus Europa opzehiewen, net ëmsetzen.
Als eng vu senge leschten Decisiounen huet den Donald Trump d'Areesrestriktioune fir Europa a Brasilien opgehuewen.
D'Team vum Nofollger Biden huet awer direkt widdersprach. Et wär net de Moment, fir déi Areesverbueter opzehiewen. Et géif een éischter plangen, d'Mesuren a puncto internationaalt Reesen ze verstäerken.
Vum 26. Januar un ass en negativen Test fir Vollen an d'USA obligatoresch.
Am meeschte gelies