De Philip Crowther hat sech vum George Floyd Square zu Minneapolis fir Medien live gemellt, wéi bemol eng Strooss weider 30 Schëss gefall sinn.

Den US-Korrespondent war am Gaang, iwwer d'Reform vun der Police ze schwätzen, wéi e vun  de Schëss iwwerrascht gouf a mat sengem Kameramann an Deckung gaangen ass.

Schonn de Weekend waren 2 Leit bei enger Schéisserei ëmkomm.