Sexuell Gewalt bannent der kathoulescher Kierch bleift en Thema.

Am Bistum Tréier goufen an de Joren 2002 bis 2021 59 Persounen Affer vu Sexualgewalt. Dat beleet en neien Tëscherapport, deen en Donneschdeg vun der Uni Tréier public gemaach gouf. Dodra ginn och d'Bëscheef aus deene Jore kritiséiert, déi net konsequent genuch géint Mëssbrauch virgaange wieren. Verdachtsfäll wieren net gemellt an d'Affer net ënnerstëtzt ginn.

De Bëschof Stephan Ackermann an de Kardinol Reinhard Marx hu sech als Reaktioun en Donneschdeg  bei den Affer entschëllegt. Um Internetsite vum Bistum Tréier fanne Betraffener elo eng Kontaktméiglechkeet, fir noutfalls och Plainte ze maachen.