Nom éischte perséinlechen Treffen zanter sechs Joer hunn den Donald Trump an de Xi Jinping annoncéiert, Fortschrëtter a Saachen Handel gemaach ze hunn.

D'USA a China si sech a Saachen Handel däitlech méi no komm, sou Aussoe vun de Staatscheffe vu béide Länner bei enger Pressekonferenz. Den US-President Donald Trump huet en Donneschdeg nom Treffe mat sengem Amtskolleeg Xi Jinping am südkoreanesche Busan vun engem "groussen Erfolleg" geschwat: d'Fro vun de chineeseschen Exporter vu seelene Mineralie wier gereegelt a China géif zousätzlech "riseg Quantitéiten" u Sojabounen aus den USA akafen.

De Xi huet sech allerdéngs méi zeréckhalend gewisen: et géif e "Konsens fir eng Léisung" vu wichtege Froen, un deem elo weider geschafft misst ginn.

Verschidde vun de Metaller ënner de seelene Mineralie si wichteg fir eng Rei vun Technologien, vun Elektroautoe bis hin zu Kampfjetten. China kontrolléiert d'Produktioun a virun allem d'Weiderveraarbechtung vun de Rostoffer an hat d'USA als Äntwert op dem Trump seng aggressiv Zollpolitik mat Export-Aschränkungen ënner Drock gesat.

Aussoe vum Trump no ginn dës Aschränkungen elo opgehuewen. Den Accord gëllt deemno fir d'éischt fir ee Joer a soll all Joer nei verhandelt ginn.

Peking hat och héich Tariffer op Sojabounen agefouert, wat d'Baueren an den USA haart getraff hat. De Sträit tëscht China an den USA wier elo awer "geléist", esou den Trump.

Als Géigeleeschtung huet den Trump eng Reduktioun vun den Tariffer géint China am Zesummenhang mat Fentanyl op 10 Prozent ugekënnegt. Déi sougenannte "Fentanyl-Tariffer" vun 20 Prozent waren déi éischt, déi den US-President nom Amtsuntrëtt agefouert hat. Si riichte sech géint Mexiko, Kanada a China, deenen den Trump virwerft, net genuch géint d'Produktioun an de Schmuggel vun der Drog Fentanyl ze ënnerhuelen.

D'Treffen tëscht Trump a Xi war dat éischt perséinlecht Treffen zanter sechs Joer. Un de Gespréicher hunn och den US-Ausseminister Marco Rubio, den US-Finanzminister Scott Bessent, den US-Handelsminister Howard Lutnick esou wéi de chineeseschen Ausseministère Wang Yi an de chineesesche Wirtschaftsminister Wang Wentao deelgeholl.

Et soll dann och nach zu engem Treffen a China kommen d'nächst Joer. "Mir wäerten am Abrëll a China sinn", huet et nom Treffe mam chineesesche Staatschef Xi Jinping geheescht.

Den Handelssträit tëscht deenen zwou gréisste Wirtschaften op der Welt suergt zanter bal engem Joer fir Onrou op de Mäert. Besonnesch vun de chineeseschen Export-Aschränkunge fir seele Mineralie si vill aner Länner a Branche betraff. An Däitschland zum Beispill d'Autosindustrie.