Am brasilianeschen Amazonas-Reebësch ass d’Ofholzung der Regierung no dat véiert Joer hannerteneen zeréckgaangen.

Tëscht August 2024 a Juli 2025 wier eng Fläch vu 5.796 Quadratkilometer zerstéiert ginn, dat wieren 11 Prozent manner wéi am selwechten Zäitraum zejoert an déi niddregst Zuel zanter 2014, huet den Nationalen Institut fir Weltraumfuerschung (Inpe) e Donneschdeg matgedeelt, annerhallef Woch virum Ufank vun der 30. UN-Klimakonferenz a Brasilien.

Den Amazonas-Reebësch erstreckt sech iwwer néng Länner, gréisstendeels läit en awer a Brasilien. En ass ee vun de wéinege nach existente grousse "Primär-Bëscher" op der Welt an huet méi Planzen- a Déierenaarten, wéi all aner Plaz op der Äerd. Ausserdeem ass en duerch seng Milliarde Beem e wichtegen CO₂-Späicher fir d’Weltklima.

"Wa mir e gutt Resultat erreechen, musse mir eis der nächster Erausfuerderung stellen. Mir kënnen eis net drop ausrouen. Eist Zil ass et, d’Ofholzung bis 2030 op Null ze reduzéieren", sot déi brasilianesch Ëmweltministesch Marina Silva virun der Press.
De President Luiz Inácio Lula da Silva wëll Brasilien zu engem vun de féierende Länner am Kampf géint d’global Erwiermung maachen. De Schutz vun de Bëscher soll bei der UN-Klimakonferenz COP30 e wichtegt Thema sinn. Dës Konferenz ass jo vum 10. bis den 21. November zu Bélem, am Häerz vum Amazonas.

Brasilien ass de sechstgréisste Produzent vu klimaschiedlechen Zäregaser op der Welt. Am Géigesaz zu de meeschte Länner sinn awer net fossil Brennstoffer fir déi héich CO₂-Emissioune responsabel, mee d’Ofholzung vun de Bëscher. Experten no ass d’Zerstéierung vum Amazonas-Reebësch am Cerrado-Savannegebitt am Zentrum vum Land virun allem op d’Landwirtschaft zeréckzeféieren, dem zweetgréisste Verursaacher vun Zäregaser a Brasilien.

Souwuel den Amazonas wéi och de Cerrado hunn an de leschte Joren ënner enger schwéierer Dréchent gelidden, déi op de Klimawandel zeréckgefouert gëtt. Dës Dréchent huet dozou gefouert, dass et ëmmer nees zu grousse Bränn kënnt. Duerch d’Bränn goufen 2024 bal 18 Milliounen Hektar vum brasilianeschen Amazonas-Reebësch zerstéiert.

"Wann et net déi extrem haart Wiederkonditioune mat Bränn wäit iwwer der historescher Norm ginn hätt, hätte mir dëst Joer warscheinlech den niddregsten Taux un Ofholzung an der Geschicht gehat", sou den João Paulo Capobianco vum Ëmweltministère.

Ënnert dem ultra-rietse fréiere President Jair Bolsonaro hat d’Ofholzung vum Amazonas staark zougeholl. De brasilianesche President setzt op d'Abaue vun den Ëmweltverwaltungen. Gläichzäiteg steet hien awer selwer an der Kritik, well hien d’Exploitéiere vu Pëtrol ausbaue wëll. De brasilianeschen Uelegkonzern "Petrobras" krut dëse Mount d’Erlabnis, nei Uelegfelder no beim Amazonas z'erschléissen. De President Lula argumentéiert, d’Akommes aus dem Fërdere vun Ueleg géif zu der Finanzéierung vu Klima-Ziler a Brasilien bäidroen.