Well hien eng 13 Joer al Schülerin ganzer 82 Mol sexuell mëssbraucht hat, krut e Schoulmeeschter um Landgericht Erfurt 5 Joer an 3 Méint Prisong.

Den antëscht 63 Joer ale Mann gouf a véier Fäll wéinst schwéierem sexuelle Mëssbrauch vu Kanner an a 25 Fäll wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner schëlleg gesprach. Vun 2016 bis 2020 hat de Schoulmeeschter sech un der Schülerin vergaangen, an der Schoul, op Ausflich a souguer bei sech doheem. D'Meedchen hat zum Zäitpunkt vum alleréischte Geschlechtsverkéier eréischt 13 Joer.
 
D'Dimensioun an d'Ëmstänn vum Fall hunn net just de Riichter schockéiert. Dat psychesch labilt Meedchen hat deen Ament eng staark Schëller respektiv Hëllef gesicht an den Ugekloten hätt doraus e laangjärege sexuelle Mëssbrauch gemaach. "Wie sech als Schoulmeeschter esou verhält, hätt an deem Beruff näischt verluer", sou de Riichter beim Annoncéiere vum Urteel.

"D'Schoul gëtt en immenst schlecht Bild of"

Kloer Wierder huet de Riichter och un d'Direktioun vu der Schoul geriicht, wou nach ee weidere Schoulmeeschter am Verdacht wéinst sexuellem Mëssbrauch a Vergewaltegung vun anere Schülerinne steet an antëscht och ugeklot gouf. Dëst Verfare gëtt nach erwaart. Dat betraffent Meedchen hätt sech och un hie geriicht, ma hien hätt pornografesch Biller mat him ausgetosch. D'Meedchen hätt sech dunn un den Direkter geriicht, ouni Succès.
 
Mam Urteel vu 5 Joer Prisong wollt de Riichter en däitlecht Signal no bausse ginn. Wien esou Strofdoten a geschützte Raim wéi an enger Schoul begeet, soll dofir entspriechend bestrooft ginn. Dat Eenzegt, wat an dësem Fall dem Schoulmeeschter zegutt koum, war, dass hien alles viru Geriicht gestanen huet.
 
Kloer Wierder hat och d'Procureure, déi op d'Schwieregkeeten higewisen huet vum Affer, sech am schouleschen Ëmfeld erëmzefannen. Et wier wichteg, dass een net fort kuckt oder niéiert. Bei der Betraffener wier antëscht eng posttraumatesch Belaaschtungsstéierung diagnostizéiert ginn, mat där déi haut jonk Fra hiert d'Liewe laang ze kämpfen huet. Den Ugekloten hätt d'Schülerin als Sexobjet degradéiert a sech ouni Empathie a manipulativ beholl.
 
D'Affer war wärend dem Prozess, dee vu ville Matschüler verfollegt gouf, present.