Mat 95 Prozent vun den ausgezielte Stëmme gesäit et aus, als géingen d'Parlamentswalen an Holland op en Neits mat engem enke Resultat op en Enn goen.

Bei de Parlamentswalen an Holland gëtt et enk: D'PVV vum riets-populistesche Geert Wilders an d'sozial-liberal Mëtt-Partei D66 kommen op jee 26 vun den 150 Sëtz, dat no enger Berechnung vun der hollännescher Noriichtenagence ANP um Donneschdeg, déi op Basis vun der Auszielung vu ronn 95 Prozent vun de Stëmme gemaach gouf.

Virdrun hat eng Prognos op Basis vun Ëmfroen no der Wal d'D66 mat 27 Sëtz knapp virun der PVV mat 25 Sëtz gesinn.

D'Parlamentswalen 2023 hat d'PVV vum Wilders gewonnen, si koum deemools op 37 Sëtz. Sollten d'Berechnungen elo confirméiert ginn, géif d'PVV 11 Sëtz verléieren.

Déi liberal Partei VVD kënnt elo, no den aktuelle Berechnungen, op 22 Sëtz, déi lenks-orientéiert GroenLinks/PvdA op 20 Sëtz. Hire President, den EU-Klimakommissär Frans Timmermans, ass nach e Mëttwoch den Owend zeréckgetrueden.

Déi virgezunne Parlamentswale goufen noutwenneg, well de Wilders déi viregt Véier-Parteie-Koalitioun am Juni am Sträit ëm eng méi streng Asylpolitik platze gelooss huet an d'PVV aus der Regierung zeréckgezunn huet. Duerno hunn déi aner grouss Parteien eng nei Koalitioun mat der PVV ausgeschloss.