De 70 Joer ale Geschäftsmann war bei engem Testfluch vu senger Raumfaartentreprise Virgin Galactic mat derbäi. De Start war um 16.30 Auer.

De brittesche Milliardär an Aventurier Richard Branson ass e Sonndeg bei engem Testfluch an Richtung Weltall geflunn an um kuerz no halwer 6 Owes nees gelant. Virgin Galactic wëll vum nächste Joer u räich Touristen an de Weltall bréngen. D'Passagéier sollen erliewe kënnen, wéi et ass, ze schwiewen an d'Äerdkrëmmung ze gesinn.

Moderéiert gouf den offizielle Livestream vum Late Night-Host Stephen Colbert.

De Richard Branson steet domadder an direkter Konkurrenz mam Grënner vun Amazon Jeff Bezos. De räichste Mann vun der Welt wëll sengersäits den 20. Juli fir en Trip an de Weltraum starten.

RTL

© Patrick T. FALLON / AFP

Den Träger-Fliger mam Weltraum-Gefier "VSS Unity" ass zu New Mexico fortgeflunn, u Bord och de Milliardär Branson. Géint 17 Auer war d'Héicht vu 15 Kilometer erreecht an d'VSS Unity gouf lassgelooss. Dësen Düsenjet ass dann nach eemol 90 Kilometer an d'Luucht gaangen, iert et kuerz drop nees zeréck op d'Äerd gaangen ass.

RTL

© AFP (Archiv)