Ostseepipeline Nord Stream 2 ass fäerdeg

© AFP
Dat huet de russesche Gaskonzern Gazprom e Freideg de Moie matgedeelt.
Schonns e Méindeg war mat annerhallwem Joer Verspéidung dat lescht Rouer verschweesst ginn. De Bau vu Nord Stream 2 huet 2018 ugefaangen. Am Ganzen ass d'Pipeline ronn 1.200 Kilometer laang. Duerch déi zwou Leitunge soll dann elo däitlech méi russescht Äerdgas an Däitschland bruecht ginn.

© AFP
Eigentlech sollt de Bau vun der Pipeline schonns Enn 2019 fäerdeg sinn, ma ënnert anerem de Widderstand vun den USA a Sanktioune hunn de Bau verzögert. Enn 2019 hat déi deemoleg Regierung vum Donald Trump Sanktiounen decidéiert, fir ze verhënneren, datt d'Pipeline fäerdeggestallt gëtt. D'Bauaarbechte goufen doropshin ausgesat. De russesch-däitsche Projet war och bannent der EU kontestéiert. Ënnert anerem Ëmweltschützer hunn d'Pipeline aus klimapolitesche Grënn kritiséiert.
Et gëtt sech erwaart, datt am Oktober dat éischt Äerdgas duerch déi nei Pipeline an Däitschland ukënnt.