Zënter Enn August war de Sozialist wéinst Häerzproblemer an der Klinik. E Freideg ass de Jorge Sampaio am Alter vun 81 Joer zu Lissabon verscheet.

De Jorge Sampaio war Generalsekretär vun der Sozialistescher Partei, Buergermeeschter vu Lissabon a vun 1996 bis 2006 President vu Portugal.