An der Fachzäitschrëft "British Medical Journal" huet d'Weltgesondheetsorganisatioun en Artikel iwwert dës Behandlungsmethod publizéiert.

E Grupp vun Experte vun der WHO réit an deene meeschte Fäll dovunner of, Covid-Patiente mam Bluttplasma vu Geheelten ze behandelen. Esou eng Therapie géing aktuellen Erkenntnisser no weder d'Iwwerliewenschancë vu Leit mat liichten oder mëttelschwéiere Symptomer verbesseren, nach misste manner Mënschen doduerch kënschtlech beotemt ginn. Donieft wier dës Therapie "deier an zäitopwänneg". D'WHO huet an deem Zesummenhang esouguer recommandéiert, Patiente mat schwéieren oder kritesche Verleef nëmmen am Kader vun enger klinescher Studie ze behandelen.

D'Fuerscher vun der Weltgesondheetsorganisatioun hu Resultater aus 16 Etüden ausgewäert, bei deenen am Ganze 16.236 Patiente matgemaach hunn. Patienten, déi liicht, schwéier a kritesch Covid-19-Erkrankungen haten.