
“Si kënnt net op d’Zeremonie”, sou de Spriecher vum Nobel-Institut vis-à-vis vun der AFP. De Präis géing awer hir Duechter, d’Ana Corina Machado, entgéinthuelen, déi och d’Ried vun hirer Mamm virliese wäert. Et wier net kloer, wou sech d’Oppositiounspolitikerin aktuell ophale géif, heescht et vum Spriecher weider. An der Mëttesstonn e Mëttwoch gouf elo awer bekannt, datt d’Machado, anescht wéi geplangt, trotzdeem op Oslo komme soll. Zwar géif si et zäitlech net ob d’Präisiwwerreechung packen, ma si géif awer nokommen.
En Dënschdeg hat den Nobelpräiskommitee eng geplangte Pressekonferenz mat der Maria Corina Machado fir d’éischt verluecht a méi spéit ganz ofgesot. Et wier soss hiren éischten ëffentlechen Optrëtt zanter Januar gewiescht.
De venezuelanesche Procureur general Tarek William Saab hat am November domat menacéiert, hie géif d’Machado am Fall vun enger Participatioun un der Nobelpräisiwwerreechung als “flüchteg” betruechten. Hien huet et domat begrënnt, datt géint d’Oppositiounspolitikerin eng Rei strofrechtlech Ermëttlunge wéinst “Verschwörung, Opstachelung zum Haass an Terrorismus” lafe géifen. Donieft gëtt géint si wéinst der Ënnerstëtzung fir den Asaz vun US-Forcen an der Karibik ermëttelt.
Déi konservativ Oppositioun hat d’Machado d’lescht Joer zu hirer Presidentschaftskandidatin ernannt. Géint de lénksnationalisteschen Nicolas Maduro gouf si als Favorittin betitelt, bis datt d’Autoritéiten hir Kandidatur verbitt hunn. Am Oktober dëst Joer huet den norwegeschen Nobelinstitut hir Éierung mam Friddensnobelpräis bekannt ginn an d’Machado als “ee vun den ongewéinlechste Beispiller fir Zivilcourage an der jéngster Geschicht vu Latäinamerika” gewierdegt.