A60 bei Fließem (D)
Automobilistin aus Lëtzebuerg hat schwéieren Accident

© Steil TV
Wéi et vun der Plaz heescht, hätt déi jonk Fra d'Kontroll iwwer hire Ford ST verluer a krut d'Leitplanken ze paken.
Wéi d'Rettungsekippe matgedeelt hunn, wier d'Automobilistin schwéier blesséiert ginn a koum mat der Ambulanz an dem Noutdokter an d'Spidol.
Deeler vum Auto waren duerch den Impakt op der ganzer Fuerbunn verdeelt a Flëssegkeete vum Auto sinn ausgelaf. Esou huet d'Autobunn op der héicht vu Bitburg misste fir e puer Stonne gespaart ginn. D'Police vu Bitburg an d'Rettungsekippe vu Bitburg a Kyllburg waren op der Plaz.
Am meeschte gelies