De franséische Staat mécht Plainte géint de Gestionnaire vun Altersheemer Orpea a freet fir ëffentlech Gelder rembourséiert ze kréien.

Dat huet e Samschdeg de Moien déi zoustänneg Ministesch op France Inter annoncéiert. Orpea steet zanter der Publikatioun vun engem Buch virun zwee Méint an der Kritik, nodeems grave Mëssstänn an den Haiser vum Grupp ëffentlech goufen.

Mataarbechter kréie reprochéiert Leit mësshandelt ze hunn. Trotz dem Skandal a Frankräich plangt Orpea nach ëmmer e CIPA zu Märel opzemaachen.