Wie mam Smartphone am Ausland telefonéiert, fir dee gëllen am Normalfall déi nämmlecht Tariffer, wéi doheem. Allerdéngs ginn et e puer Ausnamen!

Ufanks Juli gouf d'EU-Veruerdnung "Roam like at home", déi beseet, datt een am EU-Ausland déi nämmlecht Mobiltariffer, wéi an der Heemecht bezuele muss, bis 2032 verlängert. Dës Richtlinn gëllt domadder an de 27 EU-Länner, souwéi an Island, Norwegen an a Liechtenstein. D'Schwäiz an och am vereenegte Kinnekräich, dat jo aus der EU ausgetruede ass, maache bei der Veruerdnung net mat. Do gëllen déi lokal Tariffer. Jee no Ubidder kënnen allerdéngs och San Marino, Andorra, d'Isle of Man, d'Kanalinselen, Gibraltar, de Vatikanstaat souwéi déi franséisch an hollännesch Iwwerséigebidder net an dës Veruerdnung erafalen. Deemno gëllt et sech virun enger Vakanz an deene respektive Lokalitéiten iwwert dëse Sujet ze informéieren.

Och op de Schëffer gëllt d'EU-Veruerdnung zum Roaming net, well op dësen en eegene Satellittesystem genotzt gëtt. Wann den Handy sech an esou een Netzwierk, meeschtens automatesch, erawielt, da kann dat richteg séier an d'Geld schloen. Bis zu 5€ an der Minutt kënnen da bei engem Uruff ufalen.

Wann ee Gratis-Hotline-Nummeren am Ausland urifft, da gëllt et och opzepassen. Dës si meeschtens nëmme fir Telefonsnummeren aus dem jeeweilege Land gratis. Sollt een also mat enger Lëtzebuerger Nummer op eng franséisch Hotline-Nummer uruffen, da kéinten am schlëmmste Fall och immens Käschten ufalen.