Klimawandel a säin Impakt op Kanner weltwäit

Unicef no sinn 33 Länner a bal d'Hallschent vun de Kanner weltwäit "extrem staark" vum Klimawandel betraff.
Wann ee sech d'Unicef Kannerrechter méi genee ukuckt, da fënnt ee séier eraus, dass Kanner ënner anerem e Recht op Bildung, e séchert Doheem, proppert Drénkwaasser an op eng Famill hunn. Mee d'Klimakris, déi all Joer méi schlëmm gëtt, mécht de Kanner an hire Rechter e Stréch duerch d'Rechnung.
Unicef no sinn 33 Länner a bal d'Hallschent vun de Kanner weltwäit "extrem staark" vum Klimawandel betraff. Ronn 1 Milliard Kanner liewen an engem Land, dat als "extrem staark" vum Klimawandel betraff gëllt. Grond dofir sinn ënner anerem Loftverschmotzung, Waasserknappheet, Naturkatastrophe wéi Tsunamien, Iwwerschwemmungen oder Äerdrutschen a Krankheeten. Och wann d'Kanner vun alle Kontinenter vum Klimawandel betraff sinn, leide Kanner aus Entwécklungslänner nach emol méi drënner.
Am stäerkste betraff si Kanner aus den zentralafrikanesche Länner, wéi den Tschad, Nigeria, Guinea a Guinea-Bissau. Awer och Somalia ass staark vum Klimawandel betraff. D'Kanner mussen Honger leiden, well d'Recolten ausfalen an d'Waasserknappheet duerch déi stäerksten Drécheperiod zanter 40 Joer ëmmer méi zouhëlt.
Am Pakistan an am Bangladesch verléiere Kanner duerch Iwwerschwemmungen hiert Doheem oder erkranke wéinst Loftverschmotzung u Krankheete wéi Tuberkulos.
Duerch d'Klimakris verbreede sech Krankheete wéi Malaria oder Durchfallerkrankunge rasant. Awer och Mangelernärung ass eng vun de Suitte vun dëser Kris. Fir d'Kanner, déi manner wéi fënnef Joer al sinn, kann dëst liewensgeféierlech ginn. Weltwäit leiden ongeféier 45 Millioune Kanner un akuter Mangelernärung. All Joer stierwe bal 2 Millioune Kanner wéinst Ëmweltbelaaschtungen, déi een u sech kéint vermeiden.
Wéi schlëmm dës Problematik ass, weisen och d'Zuelen aus dem Joer 2020, wou 10 Millioune Kanner wéinst den drasteschen Natur- a Wiederphenomener aus hirem Heemechtsland verdriwwe gi sinn.
Dëst beweist also nach eemol méi, firwat mir dës Klimakris endlech an de Grëff kréie mussen. Et geet net duer, sech einfach fir d'Kannerrechter anzesetzen, ouni eppes dofir ze maachen. Wa mir de Kanner déi Rechter ubidde wëllen, déi hinne versprach goufen, also ënnert anerem proppert Waasser, genuch z'iessen, e séchert Doheem an d'Recht op Bildung, muss esou séier wéi méiglech eppes geännert ginn. A jo – dozou gehéiert och d'Klimakris an de Grëff ze kréien.
Hannah, 17
D'Hannah ass Ambassadeur bei der Unicef. Wat ass en Ambassadeur?
Am Alter tëscht 14 a 19 Joer engagéiere sech d'Ambassadeure vun Unicef, d'Rechter vun de Kanner a Jugendlecher am Grand-Duché an op der ganzer Welt ze ënnerstëtzen.
Zesummen entwéckele si hir eegen Iddien an Detailer fir hiert Engagement.
Sources:
https://www.unicef.de/informieren/aktuelles/blog/-/klimawandel-bedroht-millionen-kinder/273938
https://www.zeit.de/wissen/umwelt/2021-08/unicef-index-kinder-klimawandel-auswirkungen