Zu Rio de Janeiro hu sech en Dënschdeg krichsänlech Zeenen ofgespillt: ronn 2.500 Polizisten hate sech bluddeg Kämpf géint eng Droge-Gang geleescht.

Bei engem grouss ugeluechten Anti-Drogen-Asaz vun der brasilianescher Police sinn zu Rio de Janeiro en Dënschdeg 64 Mënschen ëm d'Liewe komm. Wéi e Vertrieder vun der lokaler Sécherheetsagence der AFP matgedeelt huet, waren ënnert den Doudesaffer och véier Polizisten. Den Asaz huet sech géint d'Droge-Gang Comando Vermelho geriicht, déi, dem Gouverneur vu Rio Claudio Castro no, net en normaalt Verbriechen, ma "Narko-Terrorismus" bedreiwe géing.

Beim Asaz hätte sech deemno krichsänlech Zeenen ofgespillt. Ronn 2.500 Policebeamte ware schwéier bewaffent an a Kampf-Ausrëschtung mat gepanzerte Gefierer an Helikopteren an zwee Favela-Véierel vun der Milliounemetropol eragaangen. Online hu Videoen d'Ronn gemaach, op deenen Damp iwwert der Stad ze gesinn a Schëss ze héiere sinn.

Nieft de villen Doudesaffer goufen och eng Dose Membere vun der Gang festgeholl. D'Gang selwer hat sech géint d'Police gewiert an nieft dem Asaz vu Schosswaffen ënner anerem och mat Drone vun uewen eng Aart Bommen op d'Beamte geheit.

Den UN-Mënscherechtsbüro huet sech "entsat" iwwert den Asaz gewisen a séier Ermëttlunge gefuerdert. D'Sécherheetsagencen a Brasilien wieren dozou verflicht, déi international Mënscherechtsgesetzer anzehalen. Och d'Mënscherechtskommissioun vu Rio huet de Policeasaz kritiséiert. De Virsëtzenden Dani Monteiro huet gemengt, d'Police hätt domat d'Favela op en Neits zu enger "Bün fir Krich a Barbarei" gemaach.