Den israeelesche Premierminister Netanjahu huet d'israeelesch Arméi ugewisen, direkt "intensiv Attacken" op d'Gazasträif ze lancéieren.

Dat huet säi Büro en Dënschdegowend annoncéiert, ouni weider Detailer ze nennen. D'Annonce vun den Attacke kënnt kuerz nodeems Israel der Hamas reprochéiert huet, géint den Accord iwwer eng Wafferou, deen zanter dem 10. Oktober a Kraaft ass, verstouss ze hunn.

Roserei ëm falsch Läich

E Méindeg huet déi militant-islamistesch Organisatioun eegenen Aussoen no d'Iwwerreschter vun der Läich vun enger weiderer Geisel un Israel iwwerstallt. Vun Israel huet et awer en Dënschdeg geheescht, dass et sech ëm Deeler vun der Läich vun engem 27 Joer ale Mann mam Numm Ofir Tzarfati géing handelen. Dësem säi Kierper wier scho relativ kuerz no der Attack vum 7. Oktober 2023 vun der israeelescher Arméi rapatriéiert ginn. Am Mäerz zejoert wieren da weider Kierperdeeler vum Mann fonnt ginn. Wéi d'Famill an enger Reaktioun matgedeelt huet, wier et elo fir d'Drëtt, dass si dem Mann säi Graf misst opmaachen. Si beschëllegt d'Hamas, d'Ofkommes iwwert d'Wafferou ze manipuléieren an d'Efforten, fir alleguer d'Geiselen zeréck an Israel ze bréngen, wëllen ze zerstéieren.

Nach ëmmer net all verstuerwe Geiselen zeréck an Israel

Der éischter Phas vum Ofkommes iwwer d'Wafferou an der Gazasträif vum 10. Oktober no, hätt d'Hamas bis den 13. Oktober Zäit gehat, fir déi 20 zu deem Ament nach lieweg Geisele fräizeloossen an d'Läiche vun deenen 28. verstuerwenen un Israel ze iwwerginn. Bis ewell sinn awer nëmme 15 vun deenen doudege Geiselen zeréck an Israel komm. Vun der Hamas heescht et dozou, dass et schwéier wier d'Läichen ze fannen, dat wéinst der Zerstéierung duerch déi israeelesch Attacken am Laf vum Krich.

Smotrich wëll palästinensesch Prisonéier nees verhafte loossen

Den israeelesche Finanzminister Somtrich huet iwwerdeems annoncéiert, dass hien de Benjamin Netanjahu wëll opfuerderen, d'palästinensesch Prisonéier, déi am Kader vum Ofkommes vun Israel fräigelooss goufen, nees ze verhaften. Bei hinnen handelt et sech ëm 250 verurteelt Prisonéier, vun deene verschiddener wéinst Mord an Terror inhaftéiert waren. Iwwerdeems huet Israel och 1.700 Palästinenser, déi an der Gazasträif verhaft goufen, awer géint déi keen Urteel geschwat war, fräigelooss.