Gréissert Feier beim Collège Théodore Monod zu Villerupt gemellt
E Mëttwoch de Moien ass et zu engem grousse Brand zu Villerupt komm, bei deem iwwer 40 Pompjeeën am Asaz waren, fir d'Flamen ënner Kontroll ze bréngen.
E gréissert Feier ass e Mëttwoch beim Collège Théodore Monod zu Villerupt ausgebrach. Wéi et heescht wieren déi éischt Flamen aus dem Daach vun engem Gebai komm, wat fréier eng Autosgarage war, ongeféier 100 Meter vum Collège ewech.




















Am Ganze goufen iwwer 40 Pompjeeë mobiliséiert. Zwee grouss Gefierer mat Leedere goufen agesat, fir op den Daach ze kommen, och wann dëse praktesch komplett zerstéiert gouf.
De Brand wier ënner Kontroll, mee nach net aus, wéi lokal Medien am fréie Mëttwochnomëtteg gemellt hunn. Am Moment konzentréiere sech d'Pompjeeën duerfir drop, datt sech d'Feier net op d'Gebaier niewendrun ausbreet.