En 18 Joer ale Mann huet zu Berlin e friemt Kand op enger Strooss gepaakt, ass fortgelaf an huet dono d'Mamm, déi hie verfollegt huet, geschloen.

Passanten an eng Policepatrull, déi zoufälleg sur place war, hunn agegraff. De Verdächteg gouf festgeholl a wéinst "Verhalensopfällegkeet" fir e psychiatreschen Avis an d'Spidol bruecht. D'Kand vun zwee Joer ass bei der ganzer Aktioun net blesséiert ginn. Déi 29 Joer al Mamm dogéint hat der Police no Prellungen am Gesiicht duerch d'Schléi vum Ugräifer.  
Geschitt ass dat Ganzt en Dënschdegnomëtteg un enger Kräizung am Quartier Johannisthal. De Verdächtege soll d'Kand dem aktuellen Ermëttlungsstand no ganz onverfänglech ugeschwat hunn, wéi et grad duerch Pull Waasser gesprongen ass. Dunn huet hien d'Kand ouni Virwarnung op den Aarm geholl an ass fortgelaf. Wéi d'Mamm, déi him nogelaf war, op senger Héicht war, huet hie si widder eng Mauer gedréckt an huet ugefaangen, op si anzeschloen. Déi ganz Zäit iwwer huet de jonke Mann refuséiert, d'Kand erauszeginn.
 
Nodeems Passanten op d'Situatioun opmierksam gi sinn an déi Bedeelegt ugeschwat hunn, konnt d'Mamm hiert Kand nees u sech zéien. Eng Policepatrull, déi och zoufälleg deen Ament laanschtgefuer ass, huet de Jonke festgeholl. D'Ermëttlungen zu den Hannergrënn lafen.