Moskau hat en Donneschdeg annoncéiert, datt et wärend den orthodoxe Chrëschtdeeg keng russesch Attacken an der Ukrain wäert ginn.

D'Waffepaus soll 36 Stonnen daueren, vun e Freideg de Mëtteg 12 Auer u bis e Samschdeg den Owend ëm Hallefnuecht.

Dat huet de Kreml en Donneschdeg am Nomëtteg matgedeelt, nodeems och déi russesch-orthodox Kierch schonn zu sou engem Schrëtt opgeruff hat.

D'Ukrain refuséiert d'Wafferou

Kuerz nodeems de Wladimir Putin déi ukrainesch Säit dozou opgefuerdert hat dat nämmlecht ze maachen, koum dann aus Kiew d'Annonce, dass een eng Wafferou iwwert d'orthodox Chrëschtdeeg refuséiere géif. Éier dat méiglech wier, missten déi russesch Truppen d'Ukrain verloossen, sou dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj säi Beroder Mychajlo Podoljak op Twitter. Weiderhin huet de Podoljak geschriwwen, dass et net d'Ukrain wier, déi den Territoire vun engem anere Land attackéieren an Zivilisten ëmbrénge géif. D'Ukrain géif nëmmen d'Membere vun der feindlecher Arméi op sengem Territoire zerstéieren.

D'Ukrain hat schonn den Appell fir eng Wafferou vum Patriarch vun der russesch-orthodoxer Kierch an enger éischter Reaktioun refuséiert.

De Beroder vum ukrainesche Presidente-Büro Mychajlo Podoljak hat den Opruff op Twitter als "zynesch Fal" a "Propagandaelement" bezeechent a betount, déi russesch-orthodox Kierch wier keng Autoritéit fir déi weltwäit Orthodoxie.

Ausserdeem huet hien der russesch-orthodoxer Kierch ënnerstallt, an der Vergaangenheet zu Genozid géint Ukrainer opgeruff ze hunn.

International Reaktiounen op déi russesch Annonce

Däitschland hat als eent vun den éischte Länner an Europa op déi russesch Ukënnegung vun enger Wafferou reagéiert. Et géif een dës Ukënnegung zur Kenntnis huelen, sou e Spriecher vun der däitscher Regierung en Donneschdeg zu Berlin. All Paus vun de Kampfhandlungen géi dozou bäidroen, d'Liewe vu Mënschen ze retten. Et géif awer dobäi bleiwen, dass Russland seng Truppe komplett aus der Ukrain zeréckzéie misst.

Méi kritesch Téin koumen allerdéngs vun der däitscher Ausseministesch Baerbock. Op Twitter huet si geschriwwen, dass eng Wafferou de Mënschen, déi all Dag an Angscht ënnert der russescher Occupatioun liewen, weder Fräiheet nach Sécherheet brénge géif. Däitschland géif d'Mënschen an der Ukrain weider ënnerstëtzen. Wann de Putin wierklech Fridde wéilt géif hie seng Zaldoten einfach zeréck a Russland huelen, sou déi däitsch Ausseministesch.

Iwwerdeems sot den US-President Joe Biden géigeniwwer Journalisten, dass hien der Meenung wier, dass de Wladimir Putin sech mat enger Wafferou nëmme  Loft verschafe wéilt, fir duerno nees unzegräifen.