Där Meenung ass de Professer fir International Relatioune vun der Uni Tréier Dr. Manuel Fröhlich.
Et war eng Entscheedung, fir déi den däitsche Kanzler Olaf Scholz sech Zäit gelooss huet, ma zënter e Mëttwoch ass et decidéiert: 14 Panzer vum Typ Leopard-2 sollen an d’Ukrain geliwwert ginn. An engems hätt een och eng diplomatesch Eenegung mat den USA erreecht, déi och annoncéiert hunn, Kampfpanzer ze liwweren. Et misst een dat maachen, wat méiglech ass, fir der Ukrain ze hëllefen, ma an engems misst ee sécherstellen, datt et zu kenger Eskalatioun vum Krich kënnt, huet et vum däitsche Bundeskanzler geheescht. D’Sabrina Backes huet e Professer fir International Relatioune vun der Uni Tréier ëm seng Aschätzung gefrot.
Mat der annoncéierter Liwwerung vu Panzer gëtt gefaart, dass et zu enger Eskalatioun vum Konflikt kéint kommen, also net méi just engem Krich tëscht der Ukrain a Russland, mä tëscht der NATO a Russland. Dat hält den Dr. Manuel Fröhlich, Professer fir International Bezéiungen op der Uni Tréier, fir onwarscheinlech:
"Russland gegen die NATO würde einen massiven Widerstand militärisch auf den Plan rufen. Auch international ist die Isolierung Russlands weiterhin so fortgeschritten, dass er hier nicht auf Unterstützung für eine weitere Ausbreitung des Konfliktes hoffen darf."
Bis dass déi däitsch Panzer geliwwert kënne ginn, kéinten awer nach gutt zwee Méint vergoen. An da missten d’ukrainesch Zaldoten och nach forméiert ginn. D’Zäit, déi d’Ukrain u sech net hätt.
"Es gibt Pläne über Offensiven von beiden Seiten, die Panzer hätten für die Ukrainer, sowohl in einem offensiven wie einem defensiven Szenario ihre Bewandtnis. Je mehr, je besser in der Argumentation der Ukrainer. Für die Lieferung, die jetzt ansteht, auch im übrigen mit der Auswahl an Panzer und des Typs, der jetzt geliefert wird, ist es ein deutliches Signal, qualitativ in jedem Sinn, quantitativ wahrscheinlich nicht im Sinne der Erfordernisse bzw. Wir haben auch noch den Zeitverlauf zu berücksichtigen."
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj weist sech dankbar iwwer déi zougesote Liwwerungen. An engem weidere Schrëtt fuerdert d’Ukrain déi westlech Alliéiert dozou op, Kampfjets ze schécken. Eppes, dat den däitsche Kanzler awer kategoresch ausschléisst.
Datt et a nächster Zäit zu Verhandlunge mat Russland komme kéint, hält den Dr. Manuel Fröhlich fir onwarscheinlech:
“Aus der Friedens- und Konfliktforschung kennen wir die Theorie 'des reifen Moments', dazu gehört eben auch die beiderseitige Erschöpfung und, dass man sagt, mit militärischen Mitteln kommen wir nicht mehr weiter. Das ist auf beiden Seiten aus unterschiedlichen Motiven momentan nicht gegeben.”
Senger Aschätzung no géing d’Kommunikatioun tëscht béide Länner sech den Ament op eenzel Ofkomme wéi zum Beispill iwwer den Export vu Weess an den Austausch vu Gefaangene begrenzen.