Éischten Impfprozess géint Biontech ass fir Mäerz ugesat

Eng Fra vu 57 Joer huet géint Biontech geklot, well Si duerch eng Covid-19-Impfung soll e Schued um Häerz erlidden hunn.
Wéi d'WELT AM SONNTAG schreift, wier den Optakt vum Prozess de 15. Mäerz zu Frankfurt. D'Fra fuerdert Schuedenersatz vu Biontech.
Biontech huet matgedeelt, dass all Verdachtsfall vun enger potentieller Niewewierkung medezinesch a rechtlech géif iwwerpréift ginn. D'Fra déi d'Plainte gemaach huet, hätt allerdéngs net genuch Informatiounen iwwermëttelt, wouduerch d'Grondlag fir esou eng Iwwerpréiwung net gi gewiescht wier.
Weider Zivilprozesser géint Biontech wéinst méiglechen Impf-Schied sollen et Enn Mäerz am Frankenthal ginn, am Mee zu Düsseldorf an am August zu München, esou d'WELT AM SONNTAG weider.