Et ass eng Situatioun, déi fir gewëss Tensiounen tëschent Seoul a Washington suergt.

Am Bundesstaat Georgia hunn d'Autoritéiten eng Perquisitioun an engem Batterië-Wierk vum südkoreaneschen Autos-Constructeur gemaach.

Ronn 2/3 vun de Leit hunn déi südkoreanesch Nationalitéit. Vun den zoustännegen amerikaneschen Autoritéite fir de Schutz vun der Heemecht heescht et, datt déi Leit illegal an d'Land komm wieren an datt hiren Aarbechts-Visa ofgelaf wier.

Déi südkoreanesch Regierung weist sech besuergt an huet den Appell u Washington gemaach, datt d'Rechter vun de südkoreanesche Staatsbierger an den USA respektéiert misste ginn.