An der Ukrain an an der Gazasträif kënnt et aktuell zu Verstéiss géint d'Vëlkerrecht. Ma déi aktuell Kris huet hiren Ursprong schonn an den 1990er Joren.

D'Vëlkerrecht betrëfft net nëmmen d'Staaten

D'Vëlkerrecht ass dat Recht, dat d'Relatiounen tëscht de Staate reguléiert, sou déi initial Iddi. Wann ee vun dëser Definitioun vum Vëlkerrecht ausgeet, da kann ee soen, dass et dëst schonn zanter dem Mëttelalter an zum Deel esouguer schonn zanter der Zäit vun den anticke griichesche Stad-Staaten gëtt, erkläert den Dokter Michel Erpelding, deen um däitsche Max-Plank-Institut iwwert d'Geschicht vum Vëlkerrecht fuerscht.

"Also wann ee sech nëmmen drop bezitt, dass d'Vëlkerrecht d'Relatiounen tëschent souveränen Acteure wéi Staate reglementéiert, da gëtt et d'Vëlkerrecht säit enger ganz laanger Zäit. Well souguer schonn am Mëttelalter gouf et eebe Reegelen, déi dann eeben applizéiert goufen tëscht verschiddene Länner, wann déi zum Beispill Fridde geschloss hunn oder wann se Krich gemaach hunn, dass en se net konnte Krich op déi Aart a Weis féieren, wou se onbedéngt wollten, dass et verschidde Limitte gouf oder dass een zum Beispill deem anere Staat seng Ambassadeuren net duerf ëmbréngen. Also, voilà, dat gouf et schonn zur Zäit vum ale Griichenland."

Mat der Zäit wieren dann awer aner Acteure bäikomm, op déi sech d'Vëlkerrecht bezitt. Mëttlerweil gëllt et och fir international Organisatiounen an ëmmer méi och fir d'Individuen: "Duerch d'Mënscherechter zum Beispill, déi mer direkt aus dem Vëlkerrecht erauszéien an oder doduerch, dass mer am Krich protegéiert si géint verschidden Handlunge vun de Krichsacteuren als Zivilisten." 

Antëscht bezitt et sech esouguer deelweis op Firmen a schützt dës viru willkürlecher Expropriatioun.

Wat ass d'Vëlkerrecht?
De Michel Erpelding erkläet, op wie sech d'Vëlkerrecht bezitt

D'Relevanz vum Vëlkerrecht nom Zweete Weltkrich

Bei der Fro, wéi relevant d'Vëlkerrecht fir déi international Politik ass, misst een dem Michel Erpelding no virop bedenken, dass d'Vëlkerrecht, genee ewéi all anert Recht ëmmer d'Resultat vun engem politesche Prozess an domat duerch déi aktuell politesch Kräfteverhältnisser gepräägt ass. Deemno existéiert et an enger Zort Spannungsverhältnis. Et gëtt d'Kräfteverhältnisser tëscht de Staaten erëm, ma limitéiert gläichzäiteg dësen hir Muecht:

"Dat heescht, Dir hutt déi grouss Muechten an déi aner Muechten, déi zesummekommen a soen: 'voilà, mir akzeptéiere verschidde Reegelen.' An do seet souguer e Land wéi d'USA oder nom Zweete Weltkrich och d'Sowjetunioun: 'Mir erkenne verschidde Limitten un.' Dat heescht mir zum Beispill erkennen un, dass mer net einfach an en anert Land amarschéiere kënnen an dat annexéiere kënnen, wéi dat virdrun zum Beispill an der Tëschekrichszäit nach vill gemaach gouf."

Nieft dësem Verbuet vun Annexiounskricher hu sech no 1945 och nach aner Prinzippie via d'Vëlkerrecht an den internationale Relatiounen etabléiert. Nieft dem Schutz vun der Zivilbevëlkerung am Krichsfall war dat d'Unerkennung vun der Dignitéit an de Rechter vun alle Vëlker, egal ob et sech ëm déi vu westleche Staaten oder vu fréiere Kolonien handelt. Dat wier haut gréisstendeels unerkannt, och wann et nach Ausname géif, op déi dat net zoutrëfft:

"Dat gouf wéinstens am Prinzip unerkannt. Dat huet bei Verschiddenen e puer Joerzéngte gebraucht, bis dat sech duerchgesat huet duerch d'Dekoloniséierung vun deene fréier, deemools koloniséierte Staaten. Mee dat gouf awer duerchgesat bis op verschidden eeben Exceptiounen, déi et haut effektiv och nach ginn, an zum Beispill Palästina gehéiert och dozou, well Palästina net wierklech dekoloniséiert gouf."

Éischt Erosiounen nom Enn vun der Sowjetunioun

Obwuel ee sech am Prinzip drop gëeenegt huet, dass d'Vëlkerrecht fir alleguer d'Acteure gläichermoosse gëllt, war et a Realitéit nach ëmmer esou, dass déi grouss Muechten ëmmer versicht hunn, dëst esou ze interpretéieren, wéi et hinnen am Beschte gepasst huet.

Ma zanter dem Ufank vun den 1990er Joren hätt d'Saach nach eng Kéier eng aner Dynamik kritt. Nom Enn vun der Sowjetunioun, wieren d'USA eng Zäit laang déi eenzeg relevant Muecht op der Welt gewiescht. Wärend dëser Zäit hätten dës sech ëmmer nees iwwer d'Vëlkerrecht ewechgesat:

"De Problem, wat mer elo gesinn, dat ass, bon, ab den 90er Joren, war eigentlech d'USA eng Zäit laang déi eenzeg Weltmuecht. Elo ass dat amgaang erëm ze änneren. Mee d'USA hu wärend där Zäit, hunn ugefaangen. e bëssen egal wat ze maachen. Dat heescht, si hunn ugefaangen, sech iwwer Reegelen ewechzesetzen, wou se selwer virdrun ëmmer awer respektéiert hunn, well se dovunner ausgaangen - also zum gréissten Deel respektéiert hunn -, well se dovunner ausgaange sinn, dass et geféierlech wär, wann d'Staate sech net méi géifen drun halen."

Dat kloerste Beispill fir dëst Verhalen wier den Irakkrich am Joer 2003 gewiescht, deen anescht ewéi de Golfkrich ugangs den 1990er Joren ouni e Mandat vum UN-Sécherheetsrot vun den USA an enger Partie aneren, manner mächtege Staaten, lancéiert gouf.

Den Irakkrich vun 2003
D'US-Invasioun vum Irak am Joer 2003 stellt dem Michel Erpelding no e wichtege Punkt an der Entsteeung vun der aktueller Kris vum Vëlkerrecht duer.

Mat der éischter Amtszäit vum Donald Trump hätt d'Situatioun sech dann nach eng Kéier verschlëmmert. Notamment doduerch, dass d'USA deemools fir d'éischte Kéier israeelesch Annexiounen offiziell unerkannt hunn:

"Annexioune si säit 1945 total illegal, absolutten Tabu. D'Amerikaner hunn ni Annexiounen unerkannt. An och vun hirem Alliéierten Israel net. An den Donald Trump huet dat fir d'éischte Kéier gemaach. An do ass en Tabu gebrach. An dat hu Vëlkerrechtler deemools schonn als extreem geféierlech eeben annoncéiert a qualifiéiert a gesot: 'dat ass, dat doten, dat mécht d'Këscht vun der Pandora op. Do komme lauter Saachen no. Do wäerte lauter Leit versichen dat ze maachen.'"

De Krich vu Russland géint d'Ukrain ass dann och e klasseschen Annexiounskrich. Eppes, wat zanter 1945 iwwer Joerzéngten als onméiglech ugesi gouf.

D'Vëlkerrecht an der Kris

Dem Michel Erpelding no kéint een aktuell duerchaus vun enger Kris vum Vëlkerrecht schwätzen.

Nieft dem Verbuet vun den Aggressiouns- an Annexiounskricher, wieren den Ament och de Prinzip vun der Gläichheet vun de Staaten, grad ewéi dee vun der Gläichheet an der Selbstbestëmmung vun de Vëlker a Fro gestallt. Dat géing een zum Beispill un de Pläng fir d'Gazasträif gesinn:

"Dass einfach gesot gëtt: 'oh d'Palästinenser kréien einfach kee Staat.', obwuel si ee Recht drop hunn, dat ass ganz kloer, vëlkerrechtlech gesinn."

Och bei der Applikatioun vum Krichsrecht, notamment dem Schutz vun Zivilisten wier een den Ament an enger Kris. Et wier wuel ëmmer nees zu Fäll komm, an deenen d'Norme vum Krichsrecht verletzt goufen, ma et gouf duerno gekuckt, fir déi Schëlleg strofrechtlech ze verfollegen. Dat wier aktuell net onbedéngt de Fall. Eng Rei Staaten - dorënner och Däitschland hu jo scho gesot, dass si den israeelesche Premier Netanjahu trotz engem Mandat d'arrêt vum Internationale Strofgeriicht, am Fall vun enger Arees net géinge festhuelen. Lëtzebuerg hätt do eng aner Haltung, ma et misst déi dem Michel Erpelding no och méi offensiv no bausse matdeelen.

Fir dass d'Vëlkerrecht nees u Relevanz gewinnt, misste seng Reegelen och nees méi konsequent ëmgesat ginn:

"Well et ass ëmmer nëmmen dat. Wann Dir den Uschäi gitt, dass déi Reegele just nach do sinn aus Prinzip, mee dass Dir net méi duerno handelt, da ginn déi Reegele vill manner wäert. A beim Vëlkerrecht gesäit een dat ganz gutt."

D'Vëlkerrecht wier an deem Sënn net anescht, ewéi all anert Recht. Et misst applizéiert ginn, fir seng Wierkung ze behalen. An deem Sënn wier déi aktuell Kris vum Vëlkerrecht dann och nëmmen en Unzeeche vun enger Kris vum Rechtsstaat am Allgemengen. Am prominentste géing een dat aktuell an den USA gesinn, deenen hir Regierung sech net nëmmen iwwer vëlkerrechtlech, mä och iwwer intern verfassungsrechtlech Reegele géing ewechsetzen.

Den internationale System schéngt sech aktuell dohin ze entwéckelen, dass d'USA mëttelfristeg net den eenzege relevanten Acteur bleiwen. Ma wann et e puer mächteg Acteure géif, déi géifen decidéieren, verschidde Reegele vum Vëlkerrecht ze verletzen, kéint et sinn, dass een an en internationaalt Ëmfeld zeréckfält, dat nees méi vu Gewalt gepräägt ass:

"Et kann ee sech souguer virstellen, dass mer zréckfalen, datt et ass wéi am 19. Joerhonnert, wou et dann eng Hierarchie gëtt tëschent grousse Staaten an deene klenge Staaten, wou dann heiansdo Mol e Krich ka gefouert ginn, fir territorial Eruewerungen ze maachen, wou den Zivilist an de Mënsch näischt méi wäert ass. Dat ass alles méiglech. Et gëtt keng lineaire Progrès an der Geschicht vun der Mënschheet. Et kann een ëmmer zréckfalen an d'Barbarei, wann een dat esou wëll nennen."

D'Leit vun der Relevanz vum Vëlkerrecht iwwerzeegen

Ma an den aktuelle Krise géing och eng Chance leien, fir d'Credibilitéit vum Internationale Strofgeriichtshaff a vum Vëlkerstrofrecht ze stäerken. Dës goufen an der Vergaangenheet ëmmer nees dofir kritiséiert, dass se virun allem géint afrikanesch Leit agesat goufen. Eng Partie afrikanesch Länner sinn dann och aus dem Réimer Statut ausgetrueden, well si dem internationale Strofgeriichtshaff reprochéieren, géigeniwwer afrikanesche Staate biaséiert ze sinn. Ma wann een elo dat internationaalt Strofrecht elo och bei den eegenen Alliéierte géing applizéieren, kéint een dëst nees stäerken:

"Wa mir elo higinn an effektiv Westler, an zum Beispill och, voilà, och Israeelie bestrofen, da kritt dat Recht méi Kredibilitéit an da kënne mer vläicht nach méi aner Leit u Bord kréien, fir dat Recht héichzehalen a vläicht och an hire Länner Leit nach weider verfollegen ze loossen."

Et misst een d'Leit elo dovun iwwerzeegen, dass d'Reegele vum Vëlkerrecht nach relevant sinn. Da kéinte si vläicht och nees Interessi hunn, sech hannert dëst Recht ze stellen.

D'Kris als eng Chance fir d'Vëlkerrecht?
Dem Michel Erpelding misst een elo weisen, dass d'Vëlkerrecht fir jidderee gëllt.