D'portugisesch Enquêteuren hunn éischt Informatiounen erausginn, wéi et zum dramateschen Accident mat der Standseelbunn zu Lissabon Mëtt der Woch komm ass.

16 Persoune ware bei deem Accident ëm d'Liewe komm.

Deemno hätt sech de Verbindungskabel tëscht de Waggone geléist. Bei der routinneméisseger Kontroll moies wier awer weder eppes beim Kabel nach beim Bremssystem opgefall. Firwat sech de Kabel geléist huet a firwat d'Bremsen net agespronge sinn wéi de Kabel futti gefuer ass, bleift fir den Ament nach onkloer.

Den agebaute Kabel, deen ënnerierdesch verleeft, huet gemenkerhand eng Liewensdauer vu 600 Deeg a war der réischt 337 am Asaz.

D'Bunn wier, der Enquête no, mat ronn 60 Kilometer an der Stonn entgleist. Dee ganze Virfall hätt net méi wéi 50 Sekonne gedauert.