Burkina Faso - E Land am Grëff vu bluddeger Gewalt an Terrorgruppen

Dëst Foto gouf am Joer 2024 an der Stad Dori gemaach. / © AFP
An dëser Serie konzentréiere mir eis geziilt op e Krich, e Konflikt oder e Problemer op der Welt, deen dacks ze wéineg international Opmierksamkeet kritt.
Eng wichteg Aufgab vun de Medien ass et, d'Mënschen doriwwer z'informéieren, wat op der Welt Wichteges passéiert, och wann se selwer net op der Plaz sinn, fir et mat hiren eegenen An ze gesinn. Dobäi geroden allerdéngs verschidde Konflikter méi an de Vierdergrond wéi anerer, sou dass d'Impressioun opkënnt, dass verschidde Konflikter a Problemer déi et op eisem Planéiert ginn, méi wichteg wieren, wéi anerer.
Sou sinn, virun allem an de westleche Länner, beispillsweis de Krich an der Ukrain oder de Konflikt an der Gazasträif ganz staark representéiert, den 30 Joer ale Krich a Somalia oder d'Hongersnout a Länner wéi Haiti oder Sudan éischter wéineg bis quasi ni. Mir konzentréieren eis dohier an dëser Serie ausféierlech op déi Konflikter, déi international net genuch Opmierksamkeet kréien, obwuel se et méi wéi verdéngt hätten. Mir ginn och deels drop an, wisou dës Konflikter tendéieren, wéi "Stéifkanner" behandelt ze ginn.
Wéi méi dacks an dëser Serie, gi mer dës Kéier an e Land an Afrika, méi genee am Weste vum Kontinent, nämlech an de Burkina Faso. Dat westafrikanescht Land ass zënter Januar 2019 an engem bluddege Krich verwéckelt, ënnert deem virun allem, wéi sou dacks, déi einfach Bevëlkerung massiv muss drënner leiden an deels brutal verdriwwe gëtt. D'Situatioun huet sech 2025 dann och nach eemol dramatesch verschlechtert a steet dëst Joer enger vun de gréissten humanitäre Krisen op der Welt géigeniwwer.
Och ethnesch a reliéis Zesummestéiss heefe sech a ginn ëmmer méi gewalttäteg, genee sou wéi d'Déifställ vu Véi an aner Konflikter bannent den Dierfer a Gemengen. D'Gewalt klëmmt ëmmer méi an d'Mënschen gi gezwongen hier Haiser, hier Felder, hier Notzdéieren, an domadder hir Liewensgrondlag, ze verloossen. Virun zwee Joer waren dës Masse-Verdreiwungen an déi héich Gewalt nach net sou en Thema am Land, e Land, dat souwisou schonn ëmmer op extrem wackelege Been stoung.

Mosleme bieden an der Haaptstad Ouagadougou. / © Photo by OLYMPIA DE MAISMONT / STR / AFP
Terror ass praktesch Alldag
Burkina Faso ass dem Global Terrorism Index dat Land weltwäit, dat am stäerkste vun Terrorismus am Moment betraff ass, dat souguer virun Afghanistan an Irak. Extremistesch Gruppen wéi d'JNIM, kuerz vir Jama'at Nasr al-Islam wal Muslimin, déi staark mat der bekannter Al-Qaida verbonne sinn an d'ISGS (Islamic State in the Greater Sahara) kontrolléiere bal d’Hallschent vum Land, inklusiv de wichtege Stroossen, Dierfer a Versuergungsinfrastrukturen.
Dës Gruppen hunn e kuerzer Zäit eng reegelrecht Parallelstruktur opgebaut: Si bidden Basisservicer un, wéi beispillsweis d'Gesondheetsversuergung, Bildung, Justiz, Sécherheet an Infrastrukturen a rekrutéieren aus marginaliséierte Communautéiten. Dramatesch dobäi ass, dass dës Strukturen besser deels funktionéieren, wéi vill Regiounen déi vun der Regierung, also vum offiziell gewielte Staatsapparat kontrolléiert ginn. Dobäi finanzéiere si sech duerch Kidnapping, Schmuggel, Drogenhandel a Steieren.
Eleng am Joer 2023 goufen iwwer 2.000 Leit bei am Ganze bal 260 Terroruschléi an Attacken ëmbruecht. Bis haut halen dës Attacken un, dat sou gutt wéi all Mount. Ziler sinn a ville Fäll Dierfer oder vulnerabel Infrastrukture wéi Schoulen a Spideeler. Dëst féiert natierlech dozou, dass extrem vill Kanner guer net kënnen an d'Schoul goen, ronn 350.000 Schülerinnen a Schüler si betraff. Och Spideeler sinn dacks entweder zou oder zerstéiert, vill Famille liewen an Zelter, dat ouni Waasseruschloss oder Sanitäranlagen. D'Sécherheet am Land kann op ville Plaze praktesch guer net méi garantéiert ginn.
Iwwer 2,1 Millioune Mënschen sinn aktuell intern oder extern verdrängt ginn, dat sinn bal 10 % vun der Gesamtbevëlkerung vum Land. 80% dovunner si Fraen a Kanner. Grënn sinn hei natierlech och Ënnerernierung oder Suitte vum Klimawandel.
D’Roll vun der Regierung
Am Joer 2022 ass eng Militärregierung un d'Muecht am Burkina Faso komm. Historesch staark verbonne mat Frankräich, huet Burkina Faso der franséischer Regierung awer de Réck du gekéiert a sech ëmmer méi Russland rapprochéiert. Ënnert anerem goufen am Land déi sougenannten "Africa Corps" agefouert, déi änlech wéi de Modell vum Wagner-Grupp an der Ukrain funktionéieren a kloer vu Russland ofgekuckt gouf. Ma och mat Hëllef vu massive Rekrutementer vun dëse Corpsen, konnt d'Sécherheet am Land awer net stabiliséiert ginn, d'Gewalt säitens Terror-Gruppéierungen ass bliwwen.
Vill Zivilisten ginn als Kollateralschued vun der Regierung behandelt, wat d’Radikaliséierung nach verstäerkt. D’Regierung huet eng Null-Toleranz-Strategie géint Terror ugekënnegt, mee Mënscherechtsorganisatiounen dokumentéieren leider reegelméisseg Iwwergrëff vum Militär géint Zivilisten, dorënner massiv Exekutiounen, Verbrennunge vun Dierfer a willkürlech Verhaftungen.
50 bis 60 % vum Staatsgebitt sinn net méi ënnert der Kontroll vun der Regierung, mee terroristesch Gruppéierung wéi déi genannte JNIM oder IS-Sahel hunn d'Iwwerhand ëmmer méi iwwerholl.

Eng Vue op d'Stad Barsalogho am Burkina Faso. D'Foto ass vu Mee 2024.
Humanitär Hëllef: Net genuch, net geziilt an net séier genuch
29.000 Leit koume bis ewell an Hëllefsstrukturen ënner, mee d’Kapazitéite si längst iwwerstrapazéiert, d'Quantitéit u Bleiwen geet bei Wäitem net duer. Et geet een dovunner aus, dass tëscht 3,4 a 5,9 Millioune Mënsche, also graff e Véierel vum ganze Land, op humanitär Hëllef ugewise sinn.
A sech sollte fir 2025 3,7 Millioune Leit Hëllef kréien, ma wéinst finanziellen Enkpäss gouf dëst Zil op 1,2 Milliounen erofgeschrauft. International goufen an deem Kader 792 Milliounen US-Dollar ugefrot, manner wéi d'Hallschent ass bis ewell finanzéiert ginn. Déi finanziell Mëttel ginn also vir an hannen net duer.
Dann ass och den Accès zu den Hëllefen déi d'Land kritt schwéier a geféierlech. Vill Regiounen sinn, wann iwwerhaapt, nëmmen iwwer Loft oder mat Hëllef vun arméierten a gepanzerte Konvoien erreechbar. Arméiert Gruppen gräifen Hëllefsorganisatiounen un, wat d’Versuergung massiv behënnert.
Da sinn och bal eng hallef Millioun Kanner ënner 5 Joer a schwanger Fraen akut duerch eng Mangelernierung betraff a kënne grad fir déi Zilgruppen extrem Konsequente mat sech droen.

© AFP
Fazit
Dat westafrikanescht Land steet matten an enger Kris, déi komplex ass, dat virun allem wéinst der vill-schichteger Natur vun dëser Kris. Et ass eng Kris, déi vun enormer terroristesch Energie, militärescher Instabilitéit an Onsécherheet, massiver Flucht a klimatesche Facteuren dominéiert ass.
Mount fir Mount klëmmt d'Zuel un Doudegen, de Staatsapparat fält ëmmer méi a sech zesummen, zäitgläich ass d'Populatioun am Burkina Faso ëmmer méi op sech gestallt a fält dohier liicht an d'Hänn vun terroristesche Gruppéierungen.
An och hei ass et leider sou, dass dës Kris international op wéineg Opmierksamkeet stéisst, respektiv net déi Opmierksamkeet kritt, déi se géif verdéngen. Och hei sinn et virun allem de politeschen Desintresse um Konflikt säitens westleche Länner a Regiounen fir aus oder iwwert de Burkina Faso ze beriichten.
Weider ass d'Situatioun am Land och esou geféierlech, dass vill Journalisten net erakommen, respektiv keng uerdentlech journalistesch Aarbecht maache kënnen. D’Resultat vun all deem ass eng humanitär Katastroph, déi sech bal onbemierkt entwéckelt. Et feelt un internationaler Solidaritéit, u Ressourcen an u medialer Presenz.