Zu Ostende ass e Samschdeg eng Fra vun 43 Joer net wäit ewech vun der Plage, matten am Zentrum erschoss ginn an nach op der Plaz gestuerwen.

Wéi et vun Aenzeien an der belscher Press heescht, hätten zwee Jonker, déi um Vëlo ënnerwee waren, mat der Fra gestridden an hu riicht op se geschoss.

D'Täter solle sech duerno mat engem Taxi dervu gemaach hunn a bis elo feelt vun hinnen och nach all Spuer. Den Hannergrond ass nach komplett onkloer.