D'lescht Joer am Mäerz gouf op en Neits eng Plainte wéinst Mobbing géint d'Monica Semedo am Europaparlament gemaach.

Enn November d'lescht Joer hat d'Europadeputéiert op déi nei Reprochë vun hirem fréieren Assistent reagéiert. D'Accusatioune wiere falsch an net fondéiert, hat si behaapt. Dem Monica Semedo no hat si am Dezember 2021 eng Prozedur lancéiert, fir de Kontrakt mat der besoter Persoun wéinst presuméiertem "onprofessionellem Verhalen" ze kënnegen.

Elo da koum d'Decisioun vun der Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola an der Plenière zu Stroossbuerg. D'Monica Semedo ass nees sanktionéiert ginn. Nees wéinst psychologeschem Harcèlement. D'Lëtzebuerger Europadeputéiert krut eng Geldstrof an Héicht vun 10 Deeg Indemnitéiten. Dat sinn 3.380€.

D'Deputéiert hat sech géint d'Virwërf gewiert, well den Assistent réischt d'Plainte gemaach hat, nodeems hien net méi fir si geschafft huet. Si war scho virun zwee Joer sanktionéiert ginn, well si dräi aner Mataarbechter soll gemobbt hunn. Deemools war si zwou Woche laang am Europaparlament suspendéiert ginn a krut fir déi Zäit och keng Indemnitéiten.

No där éischter Mobbing-Affär war d'Monica Semedo aus der DP ausgetrueden. Si sëtzt zanterhier als Deputéiert fir d'Fraktioun Renew Europe am EU-Parlament.

D'Europadeputéiert aus dem Oste kann nach an Appell géint déi aktuell Decisioun goen.