Monica Semedo wëll op den Europäesche Geriichtshaff goen

© RTL (Archiv)
D'Parlamentspresidentin Metsola hat elo an der Woch géint d'Monica Semedo eng Geldstrof an Héicht vun 10 Deeg Indemnitéiten decidéiert, wéinst Mobbing.
Dat entsprécht ronn 3.300€.
Och wann et eng kleng Strof wier, dementéiert si, datt si e fréiere parlamentareschen Assistent psychesch belästegt soll hunn.
D'Deputéiert vun der Fraktioun "Renew Europe" stellt a Fro, wéi objektiv déi zoustänneg Kommissioun virgaangen ass. Et wier op alle Fall ze bedaueren, datt dës intern Kommissioun der Politikerin hir Beweiser net consideréiert hätt. Si hätt net d'Recht kritt, sech a Presenz vun hirem Affekot ze verdeedegen, fënnt déi concernéiert fréier Member vun der DP. Hir Grondrechter wieren net respektéiert ginn.
Derbäi kéim, datt Informatiounen aus dëser Kommissioun an der Press gelant wieren,.
Aus all dëse Grënn wëll d'Monica Semedo elo juristesch Schrëtter aleeden an den Dossier virun d'EU-Geriicht bréngen, heescht et weider am Schreiwes.