Allgemeng recommandéiert d'Stiko eng Coronaimpfung pro Joer just nach fir Risikopatienten.

Fir gesond Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer soll deemno elo ganz Schluss si mam Impfe géint Corona. Wéi d'Stänneg Impfkommissioun Stiko en Dënschdeg matgedeelt huet, recommandéiere si déi net méi fir Mannerjäreger a verwisen op d'Seelenheet vu schwéiere Verleef.

Eng alljärlech Opfrëschungsimpfung sollten deemno Mënsche mat "engem méi héije Risiko fir e schwéiere Krankheetsverlaf" an engem méi héijen Infektiounsrisiko. Dat betrëfft Mënschen Iwwer 60 Joer, souwéi am Alter vu sechs Méint u mat enger relevanter Gronderkrankung, Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer. An Dàitschland betrëfft et och d'Personal aus dem medezinesche Beräich an den Fleegesecteur.
Gesond Mënschen tëscht 18 an 59 Joer sollte weiderhin eng Grondimmuniséierung duerch zwou Coronaimpfungen plus enger Opfrëschungsimpfung hunn, dat heescht, wa si nach keng Covid-19-Infektioun haten.

De Sars-CoV-2 zirkuléiert nach an der Bevëlkerung, allerdéngs gi schwéier Verleef duerch déi erreechte Basisimmunitéit däitlech méi seelen, sou nach d'Stiko.