D'Impfflicht, fir Leit déi iwwert de Loftwee an d'USA kommen, gëtt den 11. Mee opgehuewen.

Dat huet d'Wäisst Haus e Méindeg annoncéiert. Deen Ament geet och de Corona-Gesondheetsnoutstand op en Enn, deen am Januar 2020 ausgeruff gi war.

An den USA sinn iwwert eng Millioun Mënschen um Coronavirus gestuerwen. Zanter Januar 2021 ass d'Zuel vun de Corona-Doudesfäll awer ëm 95% zeréckgaangen an d'Zuel vun den Hospitalisatiounen ëm bal 91%.