Siwen NATO-Staaten huelen deel: Däitschland, Holland, Norwegen, Tschechien, Lettland, Belsch an Lëtzebuerg.

Eng grouss Erausfuerderung war de logisteschen Opwand, fir iwwerhaapt dat ganzt Material op d‘Plaz ze bréngen. Um Freideg war et d‘Finall vum Exercice mat der Äntwert op d‘Fro: Wat géif geschéien, wann NATO-Territoire attackéiert géif ginn? Nëmme 60 Kilometer vun der Stad Cagliari op Sardinien fort gëtt sech op de militäreschen Eeschtfall preparéiert. Méi genee zu Capo Teulada op enger Schéissbunn vun der italieneescher Arméi. Hei hunn zanter zwou Wochen NATO-Truppen hir Zelter opgeschloen. Et geet drëms ze üben, Truppen aus verschiddene Länner séier op d‘Plaz ze bréngen a prett ze sinn fir en Asaz. An dat och ze weisen.

Däitsch an Norwegesch Leopard 2-Panzeren sinn um simuléierte Schluechtfeld. Där, déi och d‘ukrainesch Arméi zur Verfügung gestallt krut. Et si schwéier militäresch Gefierer, déi beim Schlusstraining virun den Aen vun der internationaler Presse an den Asaz kommen a schaarf schéissen. Simuléiert gëtt eng Attack op NATO-Territoire. An d‘Äntwert vun der Very High Readiness Joint Task Force 2014 no der russescher Annexioun vun der Krim gegrënnt, déi quasi all Ament prett ass fir an den Asaz.

Mat dëser Übung weise mir, dass mir prett sinn, all Stéck NATO-Territoire ze verdeedegen, sot den Admirol Stuart B. Munsch.

Wuel hätt ee mam Bléck an d‘Ukrain taktesch Variatiounen trainéiert. D‘Wierder „Russland“ oder „Putin“ ginn virun der Press evitéiert. Mä d‘NATO léisst d‘Muskele spillen.

De Colonel Alain Schoeben vun der Lëtzebuerger Arméi seet dozou: „Wéi um Pressebriefing gesot gouf: Et geet drëms all méiglechem Feind ze weisen, dass d‘NATO prett ass an hir Truppen séier kënnen an den Asaz, wa se gebraucht ginn.“

Déi gréissten Erausfuerderung vum sougenannten NOBLE-JUMP Trainingscamp war dee logisteschen. 2.200 Zaldoten, 500 Gefierer, dorënner Panzere vun iwwer 65 Tonnen. Dee ganzen Effectif huet missen op Sardinien transportéiert ginn.

Dorënner d‘Lëtzebuerger Unitéit. Eng gutt Dose Leit an dräi Observatiounsdronen.

Fir den 1. Lieutenant Luca G., dee responsabel ass fir d‘Loft-Surveillance, ass d‘Roll vun der Lëtzebuerger Dronen-Unitéit kloer: „feindlech Positiounen identifizéieren an der Brigade kommunizéieren.“

Fir dass Infanterie, Artillerie, Loftwaff, Sniperen an Pionéier effikass géint de Feind agéiere kënnen. Och beim Training mussen d‘Ofleef sëtzen. An enger Allianz muss een och ee fir deen aner do sinn. Hei bréngen Norwegesch Sanitäter e blesséierten Hollänner a Sécherheet. Teamwork prouwen. An dorop ass d‘Lëtzebuerger Arméi souwisou ugewisen.

„Et ass wierklech flott mat villen aneren NATO-Memberstaaten zesummen ze schaffen an engem Camp. Et léiert ee vill dobäi. An et wiisst een“, erkläert de 1. Lieutenant Luca G. vun der Lëtzebuerger Arméi nach.

Gréisser Übungen ewéi dës gouf a gëtt et reegelméisseg. Een däitsche Colonel sot am Gespréich: Wou d‘NATO fréier huet missen groussen Opwand rechtfäerdegen, ass de Grond fir sou Exercicer haut zimmlech däitlech. An dës Truppen sinn op Standby. Wuelgemierkt: Fir Verdeedegung.