Den US-President hat virun den Absolvente vun enger Militärakademie eng Ried gehalen, beim Verloosse vun der Bün ass den 80 Joer ale Biden gefall.

Wéi et aus dem Wäissen Haus heescht, géif et dem President gutt goen. Weider war an der offizieller Meldung ze liesen, datt den Joe Biden iwwert e Sandsak gefall wa, deen op der Bün louch, wéi d'Absolvente vun der Akademie vun der Aire Force zu El Paso geéiert goufen.

An de soziale Medien gëtt de Video nees genotzt, fir dem Biden säin Alter ze thematiséieren. Hien hat jo annoncéiert, eng weider Kéier sech wëllen zur Wiel ze setzen, fir US-President ze ginn. Bei der Wal wier de Biden 81 Joer al, um Enn vun enger méiglecher zweeter Zäit um wichtegste Posten an den USA hätt hie 86 Joer.