A Frankräich sinn no den Affrontementer vun de leschte Woche méi wéi Dausend Mënsche viru Geriicht verurteelt ginn.

Vun de gutt 1.050 verurteelte Leit mussen der 742 an de Prisong, wéi de franséische Justizminister Eric Dupond-Moretti e Mëttwoch dem franséische Radiosender RTL géigeniwwer confirméiert. Et wier wichteg gewiescht, "decisiv a systematesch" ze reagéieren an déi national Rou erëm hierzestellen.

Hannergrond vun de gewaltsame Protester war den Doud vun engem 17 Joer jonke Mann, dee bei enger Police-Kontroll virun dräi Wochen an der Géigend vu Paräis erschoss gi war. Géint de Beamten, deen de Jong erschoss huet, gëtt aktuell wéinst Doutschlag enquêtéiert.

Franséisch Assurancë schätzen, dass bei den Affrontementer Schied an Héicht vu ronn 650 Milliounen Euro entstane sinn. Méi wéi 12.000 Autoe wiere verbrannt, eng 1.100 Gebaier a méi wéi 200 Policebüroe wiere beschiedegt ginn.