Island
Evakuatioun vu ronn 4.000 Awunner wéinst Angscht viru Vulkanausbroch

© YASUNARI ITAYAMA YomiuriThe Yomiuri Shimbun via AFP
An Island gëtt nom Äerdbiewen e Vulkanausbroch gefaart. Déi zoustänneg Autoritéiten hunn dowéinst fir Deeler vum Inselstaat den Noutstand ausgeruff.
Ronn 4000 Awunner vun der Küstestaat Grindavík sinn an der Nuecht dozou opgeruff ginn, sech a Sécherheet ze bréngen. An där Regioun huet et an de leschten zwou Wochen eng Rei Äerdbiewe ginn. Dem islännesche Wiederdéngscht kéinte weider méi hefteg Biewen an den nächsten Deeg fir e Vulkanausbroch suergen.
Am meeschte gelies