Internationalen Dag vun de Mënscherechter all Joer den 10. Dezember
Erënnert gëtt un den 10. Dezember 1948, wéi zu Paräis déi Allgemeng Erklärung vun der Mënscherechter vun der UNO ugeholl gouf.
D'Mënscherechter gëllen als Äntwert géint déi fuerchtbar Verbrieche vum Nationalsozialismus an dem Zweete Weltkrich. D'Erklärung proklaméiert eng Welt, an där all Mënsch fräi vun Angscht an Nout liewe kann. Aktuell awer steet et net gutt ëm d'Mënscherechter. Konflikter ewéi déi a Gaza, der Ukrain, Iran oder Sudan, bréngen ëmmer nees nei grujeleg Doten um Mënsch un d'Liicht. A stellen - op d'mannst heiansdo - d'Wierksamkeet vun enger Mënscherechtsdeklaratioun a Fro. Mee besonnesch fir de Suivi no dëse Konflikter wier déi juristesch Basis extreem wichteg, seet den Alessandro Morini vun Amnesty Lëtzebuerg.








An der Stad an zu Schengen gouf dëse Sonndeg fir d'Mënscherechter manifestéiert. Zu Schengen war et d'Fuerderung de Fortbestand vun enger oppener Demokratie duerch méi sozial Gerechtegkeete weider ze fërderen, esou de Raymond Becker vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.
Den 10. Dezember gouf och de Friddensnobelpräis un eng Fra iwwerreecht, déi zu Teheran am Prisong sëtzt, well si sech fir d'Fraerechter asetzt. D'Narges Mohammadi kann eng vun de bedeitendsten Auszeechnungen op der Welt net entgéinthuelen. Hire Mann an hir Kanner fäerten, si ni méi erëmzegesinn.