Visa-Demandë géingen elo vu Fall zu Fall decidéiert ginn, huet en israeelesche Regierungsspriecher matgedeelt.

Keng automatesch Visae méi fir UN-Personal / Reportage Diana Hoffmann

Grond fir dës Ukënnegung ass, dass Israel sech net genuch vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt fillt. Scho méi laang reprochéiert d'Land am Noost-Konflikt ongerechtfäerdegt an onverhältnesméisseg kritiséiert ze ginn. Ma elo geet et an éischter Linn dorëm, dass déi Vereenten Natioune weder verurteelt hätten, dass d'Hamas Hëllefsliwwerunge fir d'Zivilbevëlkerung geklaut hätt, nach wier verurteelt ginn, dass d'Hamas géing Krich aus Klinicken eraus féieren an domat Zivilisten a Gefor géing bréngen.

Dem palästinensesche Gesondheetsministère no sinn an der Gazasträif zanter dem Ufank vum Krich am Oktober schonn iwwer 20.000 Mënschen ëm d'Liewe komm. Iwwer 54.000 goufe blesséiert. Zuelen, déi zwar net onofhängeg ze préiwe sinn, ma d'Afferzuele vun dëser Administratioun hu sech an anere Konflikter schonn als fiabel erausgestallt. Am besate Westjordanland koumen zanter Oktober da scho bal 300 Palästinenser ëm d'Liewen. E Mëttwochmoie koumen hei sechs Mënsche bei engem Dronenugrëff ëm d'Liewen.

Déi diplomatesch Beméiunge fir dem Krich en Enn ze setzen, gi weider. Den US-President Joe Biden huet Gespréicher mam Emir vum Katar gefouert. Bei dëse goung et ëm Beméiunge fir d'Fräiloosse vun de Geiselen a fir den Zougang zu der humanitärer Hëllef an der Gazasträif.

Eng 130 Geisele ginn ëmmer nach an der Gazasträif vun der Hamas festgehalen. An de leschten Deeg haten israeelesch Zaldoten 80 Läichen aus Griewer a Läichenhale gebuergen an dës an Israel bruecht, fir sécher ze goen, dass keng vun de Geiselen ënnert hinne wier. Déi Doudeg goufen en Dënschdeg nees an d'Gazasträif zréckbruecht, wou se an engem Massegraf bäigesat goufen.