D'Zuel vun den Doudesaffer, déi duerch den Taifun "Bualoi" ëmkomm sinn, ass den Zuele vun der Regierung zu Hanoi no op 51 geklommen.

Weider 14 Leit géifen nach vermësst ginn, esou de vietnameseschen Ëmweltministère e Freideg. De Schued, deen duerch Bualoi entstanen ass, gëtt op iwwer 533 Milliounen Euro chiffréiert.

Den Taifun "Bualoi" hat de Vietnam e Sonndeg den Owend getraff an ass bal 12 Stonnen iwwert d'Land gezunn. Et ass zu schwéieren Iwwerschwemmungen an Äerdrutsche komm, bei deenen dem Ëmweltministère no iwwer 200.000 Wunngebaier esou wéi och ëffentlech Infrastrukturen an Agrarland beschiedegt. Op de Philippinnen, dem Nopeschland vum Vietnam, sinn 37 Mënschen duerch den Taifun gestuerwen an iwwer 400.000 Leit hu missten hir Wunnhaiser verloossen.

Meteorologe warne scho virun der nächster Gefor, well den Taifun "Matmo" kënnt aktuell dem Norde vun de Philippinnen ganz no. Dëse kéint den Norde vum Vietnam Ufank vun der nächster Woch erreechen. De "Matmo" wier den eelefte Stuerm, deen dat südostasiatescht Land dëst Joer trëfft. Normalerweis ginn et am Vietnam bis zu zéng vun dëse Stierm. Wëssenschaftler no féiert déi vum Mënsch gemaach global Erwiermung dozou, datt et méi an och méi staark extrem Wiederphenomener wéi Stierm an Iwwerschwemmunge wäert ginn.