Den US-President huet e leschten Delai gesat. Sollten d'Hamas säi Friddensplang net unhuelen, wäert "d'Häll ausbriechen".

Am Réngen ëm en Enn vum Gazakrich huet den Donald Trump de radikalislameschen Hamas eng nei Frist gesat. Bis e Sonndeg Owend Mëtternuecht eiser Zäit musse si sengem Friddensplang zoustëmmen. Et wier hir "lescht Chance", soss géif "d'Häll ausbriechen", sou den US-President op de soziale Medien.

Fridden no 3.000 Joer

"Et wäert Fridde ginn am Noen Osten. Op déi, oder op déi aner Manéier", sou den Trump weider. D'Memberen an d'Supportere vun den Hamas wieren agekreest a géifen an der Fal sëtzen. Si géife just drop waarden, fir duerch säi "Go" ausradéiert ze ginn. Dowéinst rifft den amerikanesche President d'Zivilpopulatioun op, sech a Sécherheet ze bréngen.

D'Hamas hätte laut Donald Trump just eng lescht Chance. Déi grouss a räich Natiounen aus dem Mëttleren Osten, d'Länner ronderëm, d'USA an Israel, alleguer zesumme wiere prett fir de Fridden am Noen Osten. No 3.000 Joer. An doduerch géifen och d'Liewe vun den Hamas gerett ginn.