Déi 63 Joer al Sarah Mullally ass e Freideg zu der éischter weiblecher Archbishop of Canterbury ernannt ginn. Dat huet déi brittesch Regierung matgedeelt. 

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Anglikanescher Kierch, datt eng Fra zu hirem geeschtleche Leader ernannt gëtt. D'Londoner Bëschofin versprécht, d'Sécherheet an der Church of England ze verbesseren, nodeems hire Virgänger säi Posten am Kader vu Mëssbrauchsskandaler geraumt huet.

"Als Äerzbëschofin wäert ech mech dofir asetzen, datt mir weider den Iwwerliewenden nolauschteren an eis ëm déi këmmeren, déi Protektioun brauchen", esou d'Sarah Mullally. Déi fréier Hiewan a Mamm vun zwee Kanner gouf vum Kinnek Charles III, dem weltleche Chef vun der Kierch, zu der 106. Archbishop of Canterbury ernannt. D'Church of England ass d'Mammekierch vun der Anglikanescher Communautéit. Den éischten Archbishop of Canterbury war schonn En vum 6. Joerhonnert ernannt ginn.

De brittesche Premier Keir Starmer huet d'Nominatioun vun der Sarah Mullally begréisst. Si géif eng "Schlësselroll an eisem nationale Liewen" spillen, esou de Labour-Premier.

D'Sarah Mullally ass d'Nofollgerin vum Ërzbëschof Justin Welby, deen Ufanks Januar säi kierchlecht Amt niddergeluecht hat, well him virgeworf gouf, Mëssbrauchsvirwërf aus de 70er an 80er net grëndlech genuch opgeschafft ze hunn. Iwwer 100 Jongen a jonk Männer sollen deemools mëssbraucht gi sinn - Virwërf, déi de Welby hätt mellen "kënnen a missen", wéi et an engem Rapport iwwer d'Virfäll heescht.

Den Justin Welby war iwwergangsweis vum ausgoenden Äerzbëschof vu York, dem Stephen Cottrell, vertruede ginn, ma och hie gesäit sech am Kader vun engem historesche Mëssbrauchsskandal Récktrëttsfuerderungen ausgesat.

An enger Erklärung huet déi nei Archbichop of Canterbury iwwert déi "riseg Verantwortung" vun hirer neier Roll geschwat. Ma si géif ee Gefill vu "Fridden a Vertrauen a Gott" spieren, "dee mech droe wäert".

Et war eng laang Demarche, fir een neien Archbishop of Canterbury ze fannen, an d'Wiel gouf vum fréiere Chef vum brittesche Geheimdéngscht M15 observéiert.

Déi Anglikanesch Kierch huet eng 85 Millioune Memberen an iwwer 165 Länner. No jorelaangem Sträit huet d'Kierch et 2014 fir d'éischte Kéier erlaabt, datt och Fraen zu Bëscheef geweit dierfe ginn, wat 1989 eng éischte Kéier an den USA geschitt ass. Fir d'Paschtoueschamt goufe weiblech Geeschteg Ufank der 90er Joren zougelooss. Antëscht sinn iwwer 40 vun den 108 brittesche Bëscheef weiblech. Bei de Paschtoueschen ass den Taux änlech héich. D'Sarah Mullally gouf 2002 Paschtouesch an ass 2018 zu der éischter Bëschofin vu London geweit ginn.