USA befanne sech an engem "arméierte Konflikt" mat den Drogekarteller

D'USA schécke Krichsschëffer virun d'Küst vum Venezuela, well een d'Drogekarteller wëll bekämpfen. Venezuela mobiliséiert "honnertdausend Zaldoten".
Wärend d'Spannungen tëscht den USA a Venezuela zouhuelen, huet den Donald Trump d'Virgoe vum US-Militär an der Karibik als "arméierte Konflikt" mat den Drogekarteller bezeechent.
An engem Bréif vum Verdeedegungsministère un de Kongress, deen der Noriichtenagence AFP virläit, huet d'US-Regierung hir Decisioun, Krichsschëffer anzesetzen, begrënnt. D'Regierung schwätzt vun enger "arméierter Attack op d'Vereenegt Staaten" duerch d'Drogekarteller.
Der Aschätzung vum US-President no handelt et sech bei dëse Karteller ëm "net-staatlech arméiert Gruppen, déi als terroristesch Organisatiounen agestuuft sinn", esou d'Erklärung vum Pentagon. "Hiert Handele stellt en arméierten Ugrëff op d'Vereenegt Staaten duer". Presuméiert Drogeschmuggler ginn doranner als "illegal Kämpfer" bezeechent.
D'USA haten hiren Anti-Drogen-Asaz an der Karibik viru ronn engem Mount ausgebaut. Den Trump hat Krichsschëffer an déi international Gewässer virun de Küste vu Venezuela geschéckt. Bei all den Attacke vum US-Militär op Booter vu presuméierten Drogeschmuggler si bis ewell iwwer eng Dose Leit ëmkomm.
"Wéi mir scho méi wéi eng Kéier betount hunn, huet de President am Aklang mam Krichs-Vëlkerrecht gehandelt, fir eist Land virun all deenen ze schützen, déi déidlecht Gëft an eist Land wëlle bréngen", esou eng Spriecherin vum Wäissen Haus géintiwwer der AFP.
Caracas hat Washington en Donneschdeg virgeworf, datt fënnef US-Kampfjetten "sech getraut hätten", sech der Küst vum Venezuela ze rapprochéieren. Op der staatlecher Tëlee sot de Verdeedegungsminister Vladimir Padrion Lopez, datt d'Loftofwier vu sengem Land op d'mannst fënnef Ziler detektéiert hätt, déi hien als "Kampffliger" bezeechent hat.
D'US-Regierung hat rezent zéng Krichsfliger vum Typ F-35 op Puerto Rico, engem Aussegebitt vun den USA, geschéckt.
De lénksnationalistesch President vum Venezuela Nicolas Maduro huet virun enger US-Invasioun gewarnt. Hie wërft den USA scho méi laang vir, hie stierzen ze wëllen. Den Trump géif den Drogenhandel als Virwand huelen, fir sech d'Land mat senge räiche Pëtrolsreserven ënnert den Nol ze rappen.
Den Donald Trump dogéint reprochéiert dem Maduro, d'Drogekarteller ze kontrolléieren. D'USA haten déi am Venezuela gegrënnt "Tren de Aragua"-Grupp esou wéi och aner Banden nom Trump senger Inauguratioun als "Terrororganisatiounen" agestuuft.
D'Verhältnis tëscht den USA a Venezuela ass schonn zanter méi Laangem ugespaant. D'USA erkennen déi venezuelanesch Presidentielle vun 2024 net un. Bei dësen hat de Madura sech zum Gewënner deklaréiert.
De Maduro dogéint bezeechent déi militäresch Menacë vun den USA als "gréisste Menace" fir Latäinamerika zanter honnert Joer. Hien huet honnertdausend Zaldoten souwéi Millioune vu Reserviste mobiliséiert. "Wa Venezuela ugegraff gëtt, wäert et direkt zu engem arméierte Kampf kommen", esou de Maduro.