An dësem Fall wier et net méiglech, fir finnescht Strofrecht ze applizéieren, heescht et vun de Riichter.

Am Prozess goung et ëm d'Beschiedegung vu méi Ënnerwaasserkabelen an der Ostsee duerch e Schëff, wat méiglecherweis zu der inoffizieller russescher Flott, och nach "Schattenflotte" genannt, gehéiert. D'Geriicht zu Helsinki huet d'Klo vum Parquet ofgewisen. "Et war net méiglech, fir dat finnescht Strofrecht op de Fall ze applizéieren," heescht et an enger Erklärung vum Geriicht e Freideg. D'Klo géif net an d'Zoustännegkeet vum Geriicht falen.

Den dräi Membere vu Equipage vum Pëtroltanker "Eagle S" gëtt virgeworf, am Dezember 2024 an der Ostsee de Stroumkabel EstLink 2 a véier Telekommunikatiounskabelen tëscht Finnland an Estland absichtlech beschiedegt ze hunn. Fir dat z'erreechen, soll den Tanker, deen ënnert dem Fändel vun de Cook-Islands fiert, säin Anker wärend ronn 90 Kilometer iwwert de Mieresbuedem geschleeft hunn.

D'Beschiedegung vun de Kabelen hat dem Parquet no d'Energieversuergung a Finnland menacéiert. Fir de Bedreiwer vun de Kabele war wéinst de Reparaturkäschten e Schued an Héicht vu 60 Milliounen Euro entstanen.

De Parquet hat wéinst "schwéierer Beschiedegung a schwéierer Behënnerung vun der Kommunikatioun" Prisongsstrofe vun all Kéiers op d'mannst zwee Joer gefuerdert. D'Defense hat dogéint op "net schëlleg" plädéiert a vun engem "Accident" geschwat.

Mat der sougenannter "Schattenflotte" ëmgeet Russland de Pëtrol-Embargo, deen am Kader vum Krich an der Ukrain decidéiert gouf. Dobäi notzt Russland Schëffer, déi ënner friemem Fändel fueren, fir esou de Pëtrol an d'Pëtrolsproduiten z'exportéieren.

An de leschte Jore ware méi Kabelen um Buedem vun der Ostsee beschiedegt ginn. Et gouf och Sabotageaktiounen, déi géint Energie- a Kommunikatiounsinfrastrukture geriicht waren. Dës sinn Experten a Politiker no en Deel vum hybride Krich, dee Moskau géint déi westlech Länner féiert.