Onbekannt Dronen elo och iwwer belscher Militärbasis gesinn

Übungen am Militärlager Elsenborn wärend Corona. / © AFP (Archiv)
E Stëtzpunkt, ob deem d'Belsch Arméi trainéiert, gouf e Freideg mat bis ewell onbekannten Dronen iwwerflunn.
Dat huet de Belsche Verdeedegungsminister Theo Francken matgedeelt. Hien huet awer och gesot, datt him net bekannt wier, wéi vill Dronen et waren a wou se hierkoumen.
"Wat sécher ass, ass datt méi Drone vun der lokaler Police identifizéiert konnte ginn. Si waren esouwuel op der belscher wéi och op der däitscher Säit ënnerwee", esou de Minister géintiwwer RTBF. Hien huet och präziséiert, datt eng Enquête opgemaach gouf.
Dës Dronen waren an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg iwwert der Militärbasis Elsenborn gesi ginn. Dës läit net wäit vun der däitscher Grenz ewech, confirméiert eng Spriecherin der AFP. "Mir hunn et festgestallt a gekuckt, wat geschitt ass. Mä aktuell ginn et net méi Detailer." Am Laf vum Dag koum dann nach d'Meldung, datt et sech wuel ëm 15 Drone gehandelt hätt.
Déi aktuell Situatioun an der Belsch erënnert e bëssen un déi russesch Dronen, déi an den europäesche Loftraum agedronge waren oder un d'Tëschefall an Nordeuropa, wou Dronen iwwer Fluchhäfen an Dänemark an Norwegen opgetaucht sinn.