No enger Kollisioun mat engem anere Fliger hat eng Maschinn vun der japanescher Fluchlinn Japan Airlines no der Landung Feier gefaangen.

Zu der Kollisioun koum et, wéi d'Passagéiermaschinn, e Fliger vum Typ Airbus A350 vun der Japan Airlines, sech mat enger Maschinn vun der Garde-côte ze pake krut. Béid Fligere sinn dono a Brand geroden. Sämtlech 379 Persounen u Bord vun der Passagéiermaschinn konnte gerett ginn. Déi fënnef Passagéier u Bord vum anere Fliger sinn ëm d'Liewe komm, de Pilot gouf schro verwonnt.

Op Videoe war ze gesinn, datt d'Passagéier de Fliger iwwer Noutrutsche verlooss hunn.

Verschidde Medien hate scho fréi gemellt, et wier op der Landebunn zu enger Kollisioun tëscht dem Fliger vu Japan Airlines mat engem Fliger vun der Garde-côte komm. Dat huet den Transportministère duerno och confirméiert. D'Maschinn vun der Garde-côte sollt Hëllefsgidder an d'Äerdbiewe-Regioun un der japanescher Westküst bréngen.

Wärend de Läschaarbechte goufe sämtlech Flich op aner Fluchhäfen deviéiert.

A Japan huet elo d'Sich no der Ursaach ugefaangen. De Büro fir zivil Loftfaart huet matgedeelt, et géif een de Funkverkéier tëscht dem Tower vum Fluchhafen Tokio-Haneda an de béide Maschinnen iwwerpréiwen. De Fligerkonstrukteur Airbus huet annoncéiert, Spezialisten ze schécken.