Xavier Bettel: "Eng ganz traureg Noriicht fir all Demokrat"

© KIRILL KUDRYAVTSEV AFP
Ausseminister an héichrangeg Politiker aus de verschiddenste Länner hunn op den Doud vum russeschen Oppositiounspolitiker reagéiert.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel nennt den Doud vum Alexej Nawalny an enger Reaktioun vis-à-vis vun RTL "eng ganz traureg Noriicht fir all Demokrat".
"Et war e Mënsch, deen agespaart ginn ass, dee mësshandelt ginn ass, dee vergëft ginn ass, einfach well en fir en oppent an demokratescht Russland wollt kämpfen. Fir Gerechtegkeet. En huet mat sengem Liewen dofir bezuelt", esou de Lëtzebuerger Ausseminister.
Reaktioun op X
Och op X schreift de Lëtzebuerger Ausseminister, datt d'Meldungen iwwert den Doud vum Nawalny hien traureg stëmmt: Den Nawalny huet un e fräit, oppent en demokratescht Russland gegleeft. Iwwert d'Jore gouf hie vergëft, stomm gestallt an engem isoléierte Prisong a Russland mësshandelt. Weider schreift de Xavier Bettel, datt seng Gedanken haut bei all de Familljemembere vu politesche Prisonéier a Russland sinn.
International Reaktiounen zum Doud vum Nawalny
"De Putin a jiddereen, dee fir hie schafft, gi fir dat bestrooft, wat se eisem Land ugedoe hunn, wat se menger Famill ugedoe hunn a wat se mengem Mann ugedoen hunn", dat sot d'Julia Nawalnaja, d'Fra vum verstuerwene russeschen Oppositionellen Alexej Nawalny am spéiden Nomëtteg op der 60. Sécherheetskonferenz zu München, déi elo ugefaangen huet.
Si krut minuttelaang vum ganze Sall geklappt an huet an hirer Ried och ënnerstrach, datt ee sech d'Fro muss stellen, ob déi fuerchtbar Nouvelle iwwert den Doud vun hirem Mann iwwerhaapt stëmmt.
Dem Putin a senger Regierung kéint een net gleewen, well si géife permanent léien. Kuerz no Mëtteg haten déi russesch Autoritéite bekannt ginn, datt de gréisste politesche Géigner vum Putin Regimm am Prisong am Norde vu Russland gestuerwen ass. Hie war an de leschte Wochen do komplett isoléiert.
"Make no mistake: Putin is responsible for Navalny’s death." Den US-President Joe Biden sot den Owend eiser Zäit am Wäissen Haus, de Courage vum Alexej Nawalny géing net vergiess ginn. Hien huet de Vladimir Putin kloer fir säin Doud responsabel gemaach.
D'Reaktiounen nom Doud vum Alexej Nawalny hunn dann och net laang op sech waarde gelooss. Ënnert anerem mellt d'AFP, dass de lettesche President Edgars Rinkēvičs seet, dass den Nawalny "brutal vum Kreml ëmbruecht gouf".
Den norwegeschen Ausseminister Espen Barth Eide schreift op de soziale Medien, Moskau hätt eng "schwéier Responsabilitéit" am Kader vum Nawalny sengem Doud a wier "an déiwer Trauer".
Aus Frankräich ass et dann den Ausseminister Stephane Sejourne, dee sech zu Wuert mellt. Hie schreift: "Den Alexej Nawalny huet mat sengem Liewe bezuelt, andeem hie sech géint e System vun Ënnerdréckung gestallt huet."
Och déi Europäesch Unioun huet e Freideg a Form vum EU-Rotspresident Charles Michel séier reagéiert. Op sengem Account op X schreift hien: "Den Alexej Nawalny huet fir d'Fräiheet an d'Demokratie gekämpft. Fir seng Idealer huet hien dat ultimatiivt Affer bruecht. D'EU zitt eleng déi russesch Regierung fir säin Doud zur Verantwortung."
Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz huet e Freideg den Doud vum Oppositiounsleader am Prisong verurteelt a betount, hien hätt "säi Courage mat sengem Liewe bezuelt".
Och aus der Ukrain kommen éischt Reaktiounen, dat vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, dee seet, dass et "offensichtlech wier" dass den Nawalny vum Regime vum Wladimir Putin ëmbruecht gouf, genee "wéi dausenden anerer, déi gefoltert goufen. Him no misst de Putin fir säin Handelen zur Verantwortung gezu ginn. De Selenskyj-Beroder Andriy Yermak ënnersträicht an engem Statement op Telegram, dass de Wladimir Putin Angscht viru Konkurrenz hätt an dass d’Liewe vu Russen him näischt bedeite géifen.
De brittesche Premier Rishi Sunak schwätzt vu "schrecklechen Noriichten" an enger "grousser Tragedie" an, dass de Nawalny a sengem Liewe grousse Courage gewisen huet. Seng Gedanke wiere beim Nawalny senger Fra an dem russesche Vollek.
De spueneschen Ausseminister Jose Manuel Albares fuerdert als Reaktioun "Opklärung vun den Ëmstänn" vu sengem Doud, hie wär am Prisong gestuerwen, wou hien "zu onrecht souz", dat wéinst politesche Grënn. Hie wier "zudéifst iwwert den Doud vum Alexej Nawalny schockéiert".
De Kreml misst elo "seriö Froe beäntwerten" esou den NATO-Chef Jens Stoltenberg e Freideg. Hien huet Journaliste géigeniwwer gesot, dass hien zu déifst traureg iwwert d'Noriichten aus Russland wier.