Weltwäit ass d'Liewenserwaardung wéinst der Corona-Kris erofgaangen. Ma dat awer méi staark, wéi ee bis ewell ugeholl huet.

An den éischten 2 Pandemie-Joren 2020 an 21 wier déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung ëm 1,6 Joer zeréckgaangen. Dat huet eng Ënnersichung vun honnerte Wëssenschaftler erausfonnt, déi en Dënschdeg an "The Lancet" verëffentlecht gouf.

Fir dës Etüd hunn honnerte Fuerscher d'Date vum Institute for Health Metrics and Evaluation (IHME) an den USA ausgewäert an d'Resultat gëtt ze bedenken. Fir d'Erwuessen iwwerall op der Welt hätt d'Corona-Pandemie méi schro Suitte gehat wéi sämtlech aner Evenementer an engem hallwe Joerhonnert dorënner Konflikter an Naturkatastrophen, sou den IHME-Fuerscher Austin Schumacher, ee vun de Responsabele vun der Etüd.

Deemno ass d'Liewenserwaardung an de Joren 2020/21 a 84 % vun den 204 ënnersichte Länner a Gebidder erofgaangen, wat déi "zerstéieresch" Auswierkung vum Virus géif weisen. An dëse Corona-Jore louch d'Iwwerstierflechkeet weltwäit bei 15,9 Milliounen Doudesfäll. D'Estimatioun vun der WHO louch bis ewell eng Millioun méi niddereg.

De Stierflechkeetstaux bei Männer a Jongen vu 15 Joer un ass der Etüd no 2020/21 ëm 21 % a bei Fraen a Meedercher ëm 17 % geklommen. Zu de Plazen, wou d'Liewenserwaardung wärend de Corona-Joren am stäerksten zeréckgaangen ass, ziele Peru, Bolivien a Mexiko-City.

Anescht ass et bei klenge Kanner ënner 5 Joer. Der IHME-Auswäertung no ass d'Stierfklechkeet bei dëser Alterskategorie an der Corona-Zäit souguer zeréckgaangen. Deemno sinn 2021 weltwäit ongeféier eng hallef Millioun manner kleng Kanner gestuerwe wéi 2019.

Längerfristeg gekuckt liewen d'Mënschen trotz Corona ëmmer nach däitlech méi laang wéi fréier.